Lëtzebuerger erfëllt sech Kandheetsdram vum eegenen Zirkus
"Et war emol e Kand , dat hat emol en Dram..." Wie kennt dat net?
De Marc Strasser huet sech säi Kandheetsdram erfëllt, a wann och e puer Joerzéngten dono. Hien huet elo säin eegenen Zirkus an alles wat dozou gehéiert: Bün, Beliichtung, Mëschpult, Museksanlag an och en Trapez. Wat dann nach am "John Happi Zirkus" feelt, ass eng Show. An dat mécht hien alles ganz eleng den Ament zu Randschelt. Dobäi kënnt, dass säi Projet och nach elo an der Corona-Zäit ugefaangen huet, wat hien ëmsou méi motivéiert huet.
Schonn als Kand war hie begeeschtert vum Zirkus. Als Jugendlechen huet hie jongléiert an Zaubertricke gemaach. Ganz uewen op der Lëscht stoung awer säin déifste Wonsch: en eegenen Zirkus besëtzen, e Wonsch, dee bis haut bliwwen ass.
RTL war bei der zweeter Show mat dobäi, also déi éischt Show no der Premiere. Eng stresseg Situatioun, an awer ass de Marc roueg bliwwen an huet eis de Backstage-Beräich, deen ongeféier 2 Quadratmeter grouss ass, gewisen.
Och fir Catering ass am "John Happi Zirkus" gesuergt. Popcorn a Gedrénks dierf een esouguer mat an d'Zelt huelen, an et dauert och net laang, bis d'Zelt sech gefëllt huet. Jiddereen huet gespaant op de selwechte Moment gewaart. Zirkus mol anescht: eng exklusiv One Man Show.
Elo zitt de Marc Strasser mat sengem Zirkus an déi nächst Gemeng. Wéi eng dat wäert sinn? Dat steet den Ament nach an de Stären.