Dës Kéier stelle mir Iech e Mann vir, dee sech zanter Jore fir d'Integratioun vun den Auslänner hei am Land asetzt.

Mat 72 Joer denkt den engagéierte Pensionär nach laang net drun, mat senger Aarbecht als Benevole opzehalen. Anere Leit ze hëllefen, dat läit dem Siggy Koenig nämlech um Häerzen. Zesumme mat senger Partnerin huet de fréiere Geschichtsproff a Conseiller de Gouvernement schonn an de 90er Joren eng Associatioun gegrënnt, fir de Mënschen a Kuba ze hëllefen.

Ma viru knapp zwee Joer huet de Pensionär eng weider ASBL an d'Liewe geruff. „Eng Zukunft fir Lëtzebuerg" (EZZL), sou heescht de Service, dee vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte finanzéiert gëtt an zanter 2019 arabesch-sproochege Mënschen hei am Land d'Hand reegt. Ronn 500 Leit, gréisstendeels Flüchtlingen, zielen op d'Hëllef vun dëser Associatioun.

Serie "Am Asaz fir d'Gesellschaft"

Deel 1: De Portrait vum Paul Prussen vun der Asti

Deel 2: Am klengen Duerf Eesebuer gëtt et e grousst Communautéitsgefill

Deel 3: De Portrait vum Monique Berg vun "Médecins du Monde"

Deel 4: De Portrait vum Maria Grazia