Lynn Gindorff, Anne Gesthuysen, Naomi Ayé
Am Live! Planet People goung et ëm Camp-Management an engem Nationalpark, d'ARD-Morgenmagazin Journalistin an eng Finalistin vun The Voice Kids France 2020
D'Lynn Gindorff huet mat Mëtt 20 der Finanzwelt de Réck gedréit, fir elo als Camp-Manager an engem Nationalpark am Gabon op Leit an Déieren ze stoussen. Déi jonk Fra, déi zu Monnerech an Esch opgewuess ass, huet sech fir d'éischt fir Commerce, Eco an Administratioun interesséiert, ier si sech op enger Vakanz a Südafrika verléift huet. Fir op Nummer sécher ze goen, dass se nees zréck op hir sécher Plaz kéint goen, huet d'Lynn 1 Joer Congé sans solde geholl, an du goung et séier. Namibia war déi éischt Destinatioun, 6 Woche méi spéit huet si eng Formatioun fir Ranger gemaach. No engem Projet mat Schildkröten op de Seychellen, an als Safari-Guide am Kongo hält si elo Formatioune mat Guiden a féiert Touristen duerch ee vun 13 Nationalparken am Gabon.
D'Anne Gesthuysen kennt een nach aus dem ARD-Morgenmagazin, wou si vun 2002 bis 2014 reegelméisseg ze gesi war. D'Journalistin huet scho mat 17 Joer fir de WDR am Radio geschafft an huet och bei VOX an am ZDF Erfarung gesammelt. 3 Joer huet si d'"Aktuelle Stunde" moderéiert, ier si Moies fréi an den Asaz koum an d'Leit mat Noriichten an interessante Gespréicher op den Dag preparéiert huet. 2012 gouf et heivir den däitsche Fernseepräis. Am Dezember 2014 huet si annoncéiert fir hiren Job un den Nol ze hänken, fir sech méi Zäit fir d'Schreiwen an d'Famill ze huelen. "Wir sind schliesslich wer", heescht de 4. Roman, deen d'lescht Joer erauskoum.
D'Naomi Ayé huet d'Jury vun "The Voice Kids France" virun 2 Joer verzaubert an elo ass deen éischten eegne Clip do. De 24. Januar 2008 gouf déi jonk Sängerin, Komponistin a Pianistin zu Lëtzebuerg gebuer. Mat 5 Joer huet si scho Piano geléiert a wéi si mat 7 Joer an de Conservatoire koum, huet d'Naomi och mat sangen ugefaangen. Hire groussen Duerchbroch hat si virun 2 Joer bei "The Voice Kids France 2020" mat hirer Interpretatioun vum Queen-Klassiker "Bohemian Rhapsody", dee bis elo méi wéi 13 Millioune Mol ugeklickt gouf. De Jury war sou begeeschtert, dass d'Naomi et bis an d'Finall gepackt huet. Am Februar koum als Belounung den éischte Clip "Turn My Back On Light", wou de Kulturministère finanziell gehollef huet.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.