Eng lëtzebuergesch Pizza fir de gudden Zweck
Beim Anne Faber gëtt lëtzebuergesch Kiche grouss geschriwwen. Wisou also net eng rout-wäiss-blo Versioun vum Italiener sengem Liblingsiesse maachen?
Zesumme mat engem Pizzaiolo aus der Staat huet si elo eng nei Pizza kreéiert, wou eng gutt Portioun Lëtzebuerg drop ass - ënnert anerem Moschter, Kachkéis a Mettwurscht. D'Pizza gouf en Dënschden fir d'éischt verkaf. E puer Léit haten et sech net huele gelooss a wollten se direkt schmaachen. Och eng RTL-Ekipp war op der Plaz an huet bei de Preparatioune vun sou enger "Pizza speziale" iwwert d'Schëller gekuckt. Dernieft gi mat dëser Pizza och Sue fir de gudden Zweck gesammelt. Dem Anne Faber war et wichteg, an dëse schwéieren Zäiten de Léit an der Ukrain ze hëllefen. A Groussbritannien gëtt et de Mouvement "FoodForUkraine", wou Léit an och Restauranten dozou opruffen, duerch kache Suen ze sammelen. Déi Iddi huet der Lëtzebuerger Kächin gefall an zesumme mat Cloud-Factory ass hir séier d'Iddi komm, e puer Euro vun all verkraafte Pizza ze spenden.