Zesumme mam Familljeministère huet déi Ierfgroussherzoglech Koppel d'Initiativ ergraff, fir uechtert d'Land an d'Altersheemer op Besuch ze goen.

Et soll en Zeeche vu Solidaritéit an Ënnerstëtzung fir Bewunner an och d'Personal sinn. An dëse Strukture war et jo apaart schwéier an Zäite vun der Pandemie.

Bei de Visitten, wéi en Dënschdeg zu Diddeleng am Servior Grand-Duc Jean, war dann och de klenge Prënz Charles mat dobäi an huet vum éischten Ament u jidderengem e Laachen an d'Gesicht gezaubert. Beréierungsängschten huet den zwee Joer jonke Bouf keng, hien amuséiert sech an d'Leit ronderëm, geckst a spillt.

Am Reportage am Magazin gëtt et e Mëttwoch den Owend géint 19 Auer nach emol den Detail vun dëser Visitt. Dës soll och net déi lescht gewiescht sinn, esou den Ierfgroussherzog Guillaume, dee frou wier, datt esou Momenter a Begéinungen nees méiglech sinn.