Den 3. August 1986 ass de Prënz Louis als drëtt Kand vun der groussherzoglecher Koppel an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm.

De Prënz Louis huet 2 Bouwen aus dem fréiere Bestietnes mam Tessy Antony: De Prënz Gabriel Michael Louis Ronny, deen den 12. Mäerz 2006 zu Genf op d'Welt komm ass, an de Prënz Noah Etienne Guillaume Gabriel Matthias Xavier, gebuer den 21. September 2007.

RTL

© Cour grand-ducale / Hana Noguchi

Zanter 2004 ass de Prënz Louis Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau. Tëscht 2017 an 2019 huet hien als Beroder bei Laurent Meeschaert Conseil geschafft, ass awer zanterhier selbststänneg a beréit Persoune mat Dyslexie. Parallel huet de Prënz Louis zesumme mat 3 Associéen am Summer 2020 seng eege Firma, SIBE Mediation, zu Paräis lancéiert.

De Prënz Louis ass donieft am humanitäre Beräich engagéiert an huet e Stage vun engem Joer beim Roude Kräiz zu Genf gemaach, wou hien ënner anerem Gruppe vu Kanner betreit an eeler Mënsche begleet huet.

A senger Fräizäit fiert de Prënz Louis Schi a Snowboard a geet gäre klammen. Och Dëschtennis, Kampfsport, Fechten, Reiden, Tauchen an d'Juegd gehéieren zu senge Leidenschaften. Donieft ass hien e begeeschterte Pilot.

Am Abrëll d'lescht Joer hat de groussherzoglechen Haff matgedeelt, dass sech de Prënz Louis an d'Scarlett-Lauren Sirgue verloobt hunn, ma am Februar dëst Joer koum d'Nouvelle, dass d'Verlobung opgeléist gouf wéinst Meenungsdifferenzen.