Am Live! waren e Freideg den Owend dräi Invitéen: De Luca Colling, de Rapper Corbi an d'Schauspillerin Ulrike Frank.

An der Pandemie huet de Luca Colling de Vëlo fir sech entdeckt. Dëst Joer war hie mam Vëlo op den Nordkap, fir Sue fir d'Unicef ze sammelen. Hien ënnerstëtzt domadder de Projet "Conceptos Plasticos" bei deem Plastik recycléiert gëtt, fir aus dësen Zillen ze maachen, mat deenen da Schoulen a Sanitäranlagen an Afrika kënne gebaut ginn. Bis elo sinn 4.325 Euro zesummekomm, awer dat geet dem Luca nach net duer. Geplangt ass schonn fir d'nächst Joer "Strade romane di Sicilia 2023", fir weider Suen zesummenzekréien. Méi Informatioune fënnt een op hirem Site letzonbike.com.

RTL
RTL

De Corbi traut sech fir d'Zweet aus dem Schied vun der Hip-Hop-Formatioun "De Läb" eraus an ass elo nees mat engem neien Album solo ënnerwee. De Kueb ass Grënnungsmember vun "De Läb" an hat am Mäerz 2015 säin éischte Solo-Album presentéiert. No "De Gëllene Stull" war et da 7 Joer méi spéit un der Zäit fir en zweeten Solo-Album. "Kuebemania" ass am Mee op Vinyl, CD an Digital erauskomm an elo dierf ee sech op Live-Concerte freeën, bei deenen hien net just seng astudéiert Lidder zum Beschte gëtt. Op Instagram fannt dir de Corbi ënner "Corbi85".

RTL
RTL

© Claude Piscitelli

D'Ulrike Frank kennt ee besser als "Katrin Flemming" aus GZSZ, wou si all Dag e Milliounepublikum mat hirer Roll an Otem hält. Wat 2002 als Gaaschtroll fir 4 Méint geduecht war, ass eng fest Roll ginn, déi net méi ewech ze denken ass. Si hëlt et quasi all Dag mam skrupellosen Affekot Jo Gerner op, deen eppes wéi d'Salz an der Zopp ass. Privat ass d'Ulrike frou ongeschminkt an net sou top-gestylt duerch d'Liewe goen ze mussen. 2019 hat d'Actrice a Sängerin et an der 12. Staffel vu "Let's Dance" bis op déi 9. Plaz bruecht. Dir fannt si op Instagram ënner "ulrikefrankofficial".

RTL
RTL