Raphaël Fiegen, Stephan Quintus, Gilles Grün
Am Live! Planet People geet et e Freideg ëm Schlittenhënn, Liewen a Lappland an Ënnerwaasserrugby.
Fir de Raphaël Fiegen war den drëtten Ulaf dee Richtegen, fir mat senge Schlittenhënn "de Kungsleden" ze packen. 2016 gouf et Problemer mat den Hënn, 2019 hat d'Filmekipp Problemer an elo ass alles gegléckt an de Raphaël, seng Honn a säin Entourage hunn déi 500km gutt gemeeschtert a si glécklech an erliichtert iwwer d'Arrivée gefuer. D'Resultat ass en Documentaire vu 50 Minutte vum André Costa, deen de 16. Dezember an de Kinoen uleeft an d'Preparatiounen, d'Strapazen awer déi romantesch Kuliss weist. De Soundtrack vum T the Boss ass op der EP "The Fighter"

De Stephan Quintus ass am Juli virun engem Joer mat der Famill a schwedesch Lappland ausgewandert an organiséiert elo Tier mat den Huskyen. Zesumme mat senger Fra Bianca a senge 4 Bouwen Kilian, Devlin, Leland an Dustin hu se sech gutt agelieft, an aus dem klengen Duerf mat 11 Leit sinn der elo 17 ginn. Zanter 2 Wochen hu se eng ID fir permanent do ze wunnen a reegelméisseg kréie si Besuch vu Lëtzebuerg, déi sech bei d'Auswanderer erhuele kommen. Zanter Oktober leit Schnéi an dat freet och hir 10 Huskyen, wou der nach zwee dobäi kommen.

De Gilles Grün ass d'Nummer 33 an der Ekipp vum Ënnerwaasserrugby, déi zu Berlin um Champions Cup war. Zu hirer 25 trainéiere se zweemol d'Woch zu Bouneweg an Housen a moossen sech mat der ganzer Welt. Zil vum Spill ass et e Ball an de Kuerf um Grond vum Baseng vum Géigner ze leeën. Zu Berlin am Stadtbad Tempelhof ass um Enn eng 12. Plaz erausgesprongen. D'Ekipp vun UWR Lëtzebuerg huet d'Erwaardungen iwwertraff, andeems se Laangzäit géint ganz staark an erfuere Géigner mathale konnt a souguer de Match géint FIRS a Florenz gewonnen hunn.
