Eng Woch laang konnt Dir hei op RTL.lu fir een neit Wuert fir d'Léift ofstëmmen. De Gewënner ass elo op Vältesdag an den LOD opgeholl ginn.

Eng Woch laang hutt Dir fläisseg matgemaach. Am ganzen 3.538 RTL-Lieser hunn tëscht dem 6. an dem 13. Februar hir Stëmm fir ee vun de Kandidaten ofginn, déi de klasseschen "Ech hunn dech gär" ergänze kéinten.

Am Däitschen oder am Englesche gëtt et jo mam "Ich liebe dich" oder mam "I love you" ee richtegt Verb, mat deem ee seng romantesch Gefiller kann ausdrécken. Am Lëtzebuergesche gouf et bis ewell awer just d'Ausdréck "Ech hunn dech gär" an "Ech si frou mat dir". Op Vältesdag huet sech dat awer elo geännert.

Am Kader vun der grousser RTL-Vältesdagsaktioun huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) fënnef Proposen ausgeschafft, déi mir de Leit dunn eng Woch laang zur Ofstëmmung gestallt hunn:

  • Ech liben dech
  • Ech léiwen dech
  • Ech loven dech
  • Ech crushen op dech
  • Ech aiméieren dech

D'Resultat vun der Ofstëmmung steet elo fest! Schonn um éischten Dag, op deem d'Ofstëmmung opgaangen ass, huet sech ee klore Favorit erauskristalliséiert, dee seng Positioun bis zum Schluss verdeedege konnt...

Mat 55 Prozent (1.942 Stëmmen) huet sech den "Ech liben dech" kloer géint seng Kontrahenten duerchgesat. Op der zweeter Plaz kënnt mat 29 Prozent (1.045 Stëmmen) den "Ech léiwen dech". Wäit ofgeschloe stinn op den hënneschten dräi Plazen déi aner Kandidaten: "Ech loven dech" mat 7 Prozent (250 Stëmmen), "Ech crushen op dech" mat 6 Prozent (197 Stëmmen) an "Ech aiméieren dech" mat 3 Prozent (104 Stëmmen). Merci fir d'Matmaachen!

Dat seet den ZLS zum Gewënner

Dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch kënnt et ganz geleeën, datt sech "liben" esou kloer géint déi aner véier Kandidaten duerchgesat huet. Well "liben" am Lëtzebuergesche scho méi laang am Gebrauch ass a virun allem déi Jonk den Neologismus schonn an hirem Wuertschatz hunn, wier et och scho virun der Aktioun ee Kandidat gewiescht, fir an den LOD opgeholl ze ginn, esou den Alexandre Ecker vum ZLS.

"Et wier och interessant gewiescht, wann een anere Kandidat gewonnen hätt. Mä iwwerrascht si mir iwwer d'Resultat net", seet de Lexikograph, deen och an der Redaktioun vum Online-Dictionnaire LOD sëtzt.

D'Gewënner-Wuert "liben" ass op Vältesdag offiziell an de Lëtzebuerger Online-Dictionnaire LOD opgeholl ginn. Wier et "Ech loven dech" ginn, hätt een et éischter iwwert eng Infobox geléist, d'Wuert awer net offiziell agedroen. "Mir mussen eis u Prozeduren halen", erkläert den Alexandre Ecker vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. E Wuert muss schonn eng gewësse Presenz am Sproochgebrauch hunn, ier et kann opgeholl ginn.

Déi fënnef Kandidate nach emol kuerz virgestallt

Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert, wéi eng Wierder ausgewielt goufen, a firwat. "'Ech liben dech' an 'Ech léiwen dech' louchen u sech op der Hand, well mer jo do schonn Tracë fannen. Déi si scho present an der Lëtzebuerger Sprooch, och wa se net ëmmer an deem Sënn do waren." Béid Wierder sinn iwwert d'Joren ëmmer mol nees a Lëtzebuerger Dictionnairen opgedaucht an dunn nees verschwonnen. D'Verb "léiwen" war tatsächlech schonn am Lexikon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 eng éischte Kéier ze fannen.

"Wou mer dunn zwee aus dem Däitschen haten, ass de Gedanken opkomm - wéi ass et da mam Franséischen?" Franséisch Wierder loosse sech relativ einfach an dat Lëtzebuergescht integréieren. Dacks gëtt dofir un déi franséisch Verben d'Endung '-éiren' drugehaangen, erkläert de Sproochen-Expert. "Also firwat net aus dem Wuert 'aimer' d'Wuert 'aiméieren' maachen? Dozou muss een awer och soen, dat Wuert ass eis nach net begéint, dat ass net am allgemenge Sproochgebrauch."

RTL

© Alexandre Ecker / RTL-Grafik

Zwou vun de Propose kommen iwwerdeems aus dem Engleschen, sinn deem Lëtzebuergeschen awer ugepasst ginn. "Och den 'Ech loven dech' huet nees eng Lëtzebuergesch Endung."'Ech crushen op dech' beschreift éischter eng romantesch Schwäermerei an huet domat eng liicht aner Bedeitung, wéi déi véier aner Proposen. "Dat ass villäicht méi eppes Intensives, dat awer net onbedéngt undauert. An do brauch een natierlech eng Prepositioun, well wann ee just seet 'Ech crushen dech', dann heescht dat natierlech op Englesch eppes aneschters."

Wéi eng Wierder an Ausdréck déi Lëtzebuerger Sprooch nach fir d'Léift huet, an ob si villäicht wierklech e bëssen "ënnerkillt" ass, dat gitt Dir an dësem Artikel gewuer: