Kuerz viru Vältesdag hu mir dem Alexandre Ecker vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) eng Rei Froe ronderëm d'Léift am Lëtzebuergesche gestallt.

Wéi eng Wierder goufen historesch benotzt? Wat fir eng méi ongewéinlech Ausdréck gëtt et? A wéi ee Wuert ass säin eegenen heemleche Favorit? Mir hunn nogefrot.

Op Lëtzebuergesch hu mir fir d'Léift u sech just d'Ausdréck "Ech hunn dech gär" an "Ech si frou mat dir" - ass déi Lëtzebuergesch Sprooch "ënnerkillt"? Nee, fënnt den Alexandre Ecker, deen och Deel vun der Redaktioun vum Lëtzebuerger Online-Dictionnaire (LOD) ass. Am Fong wier d'Fro jo villméi, firwat dat Lëtzebuergescht keen eenzelt Verb fir d'Léift huet.

Ass déi Lëtzeberger Sprooch "ënnerkillt"?

D'Sprooch ass näischt Festes, erkläert den Alexandre Ecker. Si entwéckelt sech weider. Esou wier et zum Beispill och mat der Etymologie vum däitsche Verb "lieben" gewiescht: "Virun e puer honnert Joer hätt een do och nach éischter "lieb haben" gesot." Am Däitschen huet sech mat der Zäit een eegestännegt Verb erauskristalliséiert - am Lëtzebuergeschen eben net. An och am Däitsche wier d'Verb "lieben" jo net exklusiv fir déi romantesch Léift do. Genee esou gutt kann ee säi Beruff oder gutt Iessen "lieben".

Et wier och net esou, wéi wann Ausdréck am allgemenge méi schwaach wieren, wéi Verben. Ee Beispill: d'Verb "du nervs mech" ass net méi schwaach wéi den Ausdrock "du gees mir op d'Nerven". Et bräicht een also net ze mengen, dass ee seng Gefiller net kéint richteg expriméieren, wann een Therme wéi "ech hunn dech gär" oder "ech si frou mat dir" benotzt. "Wann déi zwee richteg Leit zesumme sinn an d'Ambiance stëmmt, da kënnt ee bestëmmt gutt un mat deenen zwee Ausdréck", esou de Lexikograph vum ZLS.

"Léiwen" a "liben" hu schonn eng gewësse Geschicht am Lëtzebuergeschen

D'Sprooch am Wandel weist sech och bei de Lëtzebuergesche Verben "liben" a léiwen". Am Lexikon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 steet nieft "gier hunn" och schonn d'Verb "léiwen" dran. Eng 60 Joer méi spéit ass vu "léiwen" am Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart vun 1906 allerdéngs näischt méi ze liesen - do stinn nëmmen nach "gär hunn" a "frou sinn". Nach emol méi spéit daucht et dann am Luxemburger Wörterbuch (1950-1975) nees op, an och d'Verb "liben" ass déi Kéier vertrueden.

D'Wuert "liben" gouf deemools allerdéngs virun allem ironesch gebraucht. Esou huet een zum Beispill gesot "du kanns mech liben", fir een ofzeweisen. Haut géif een dofir jo och nach soen "du kanns mech gär hunn", erkläert den Alexandre Ecker. Béid Wierder hätte sech awer ni richteg etabléiert.

Wat den tatsächlechen historesche Sproochgebrauch ugeet, esou ass dat ee Feld, zu deem ee relativ wéineg wéisst. "Dat sinn och Situatiounen, wou d'Sprooch genotzt gëtt, déi relativ intim sinn. Do kann ee schlecht mat engem Mikro derbäistoen, virun allem net deemools."

Méi ongewéinlech Ausdréck fir d'Léift

Am Luxemburger Wörterbuch ginn et dann awer och nach e puer méi ongewéinlech Ausdréck, fir d'Léift ze ëmschreiwen. Den Alexandre Ecker huet do zwee flott Beispiller erausgesicht: "Deen éischten ass "een Af un engem gefriess hunn". A fir beim Friessen ze bleiwen: Et kann een natierlech och einfach soen "Ech kéint dech friessen". Dat Bild wier natierlech méi eendeiteg: "Do ass een esou frou mat engem, datt een e kéint opfriessen." D'Léift géif och méi dacks mat engem Feier verglach ginn. "Do kann een dann och vun enger Persoun, déi ee gär huet, soen "dat ass meng Flam"".

De Lexikograph vum ZLS huet eis bei där Geleeënheet och verroden, wéi hie seng Léift am léifsten ausdréckt: "Den "Ech hunn dech gär" ass am Fong den Therme, mat deem ech déi beschten Erfarunge gemaach hunn. Mä vun elo u wäert ech natierlech och méi "Ech hunn en Af un dir gefriess" benotzen."

Wéi eng Wierder an Ausdréck sinn am beléiftsten?

Hautdesdaags gëtt de Monitoring vum Sproochgebrauch ënnert anerem duerch Outile wéi d'Schnëssen-App vereinfacht. Eng enger Ëmfro vun der Uni-Lëtzebuerg an der App, un där eng 1.000 Leit deelgeholl hunn, vu ronn 87 Prozent vun de Participanten den Ausdrock "Je t'aime" mat "Ech hunn dech gär" iwwersat. Op Plaz zwee koum mat 10 Prozent den Ausdrock "Ech si frou mat dir".

Wéi eng Wierder ginn am heefegste benotzt?

Jee no Alter schéngt ee seng Léift awer och ënnerschiddlech auszedrécken. Den "Ech si frou mat dir" gouf virun allem vun den eelere Participante genotzt, wärend déi Jonk zu 95 Prozent fir den "Ech hunn dech gär" decidéiert hunn. Den "Ech liben dech" gouf am meeschte vun de Participanten ënner 25 Joer benotzt.

Fir de Sproochgebrauch ze analyséieren, stinn dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch awer nach eng Rei aner Outilen zur Verfügung. Dozou gehéiert ënnert anerem d'Auswäertung vun de Wierder, déi d'Leit am Lëtzebuerger Online-Dictionnaire LOD sichen, awer net fannen. "Do kënne mir flott Statistiken opstellen, wou da villäicht Wierder gesicht ginn, déi nach net am LOD sinn, wou dann awer een Hiweis ass, datt do eppes am Gebrauch ass, wat mir nach net weisen." De Site vum LOD huet awer och e Feedback-System, wou d'Leit hir Virschléi kënnen eraschécken.