De 25. Januar huet d'IT-Girl Paris Hilton annoncéiert, dass si Mamm ginn ass. Den Numm vum Bouf huet nach kee gewosst, bis elo.

An enger aktueller Editioun vun hirem Podcast "This Is Paris", deen op Instagram verëffentlecht gouf, kann een deemno ganz grouss den Numm "Phoenix Barron Hilton Reum" liesen. An engem Passage vum Podcast geet déi 42 Joer al TV-Perséinlechkeet deemno méi genee drop an, wisou et grad deen Numm ginn ass a wat e fir si bedeit.

Den Numm Phoenix, deen och fir d'Haaptstad vum US-Bundesstaat Arizona steet, hätt si scho viru Joren erausgesicht. Si hätt deemools no Stied, Länner a Staaten op enger Kaart gesicht, déi zu Paris a London passen. Dës Nimm soll nämlech déi zukünfteg Duechter kréien. Phoenix wier net just e "popkulturellen Numm, ma géif och fir déi "mythologesch Geschicht" stoen -  de Phönix, deen aus den Äsche klëmmt an nees flitt.

Dat hätt si nach am meeschten um Numm begeeschtert. Et géif fir "Hoffnung, Reinkarnatioun an Transformatioun" stoen a si wéilt, dass hire Jong "mam Wëssen opwiisst, dass Néierlag an Triumph an eisem Liewe virkommen".