Schnéi zu Lëtzebuerg bréngt net just e Verkéierschaos matsech, ma och eng flott Landschaft, wéi d'Biller vun eise User, Nolauschterer a Spectateure weisen.
E Mëttwoch de Moien ass esou muncher een iwwerrascht ginn, wéi en aus der Fënster gekuckt huet, ma am Éislek ass et scho den Owend virdru lassgaangen, esou géint 21 Auer huet d’Statioun vun der Asta zu Reiler déi éischte Flacke registréiert. D'RTL-Statioun um Pescator huet allerdéngs réischt e Mëttwoch géint 7.30 Auer deen éischte Schnéi gemooss.
Ma ganz séier sinn Temperature geklommen, esou dass de Schnéi a Reen iwwergaangen ass. Hei an der Stad sinn am ganze véier Zentimeter gemooss ginn, an am Norde ganzer véierzéng.
Dat ass awer duer gaangen, fir zolidd Perturbatiounen am Beruffstrafic ze provozéieren, an esou munch schéi Motiver ze schéissen. Esou guer deen een oder anere Schnéimännchen ass entstanen. Mä wéi gesot war déi wäiss Pracht net vu laanger dauer, esou dass et quasi am ganze Land elo schonn erëm gréng ass.
An der Nuecht wäert et net méi schneien, dofir awer reenen an anstänneg blosen, Wandspëtzte vun tëschent 70 an 90 km/h sinn ze erwaarden.