Ronn 80 Accidenter tëscht 7 an 12 Auer gemellt

Accident Géisdref / © Domingos Oliveira / RTL
Am Laf vum Mëttwochmoie war et op de verschneite Stroossen uechter de Grand-Duché zu enger ganzer Partie Accidenter komm.
Gréisstendeels goufen der Police e Mëttwoch Kollisiounen oder Gefierer gemellt, déi vun der Strooss ofkoumen a bei deenen et beim Materialschued bliwwen ass.
Duerch eng Partie Accidenter hunn awer och e puer Stroosse misste gespaart ginn. D'Rue Basse zu Zolwer war kuerz no 7 Auer fir den Trafic zougemaach ginn, nodeems et zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion koum. Bei Géisdref war e Bus, an deem keng Passagéier souzen, an de Gruef geroden. Och hei hat d'Streck misste gespaart ginn.
Kuerz viru 7 Auer hate sech um CR106 tëscht Schuller an Duelem e Bus an en Auto ze pake krut. D'Rettungsdéngschter vu Koler an Dippech an d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng waren hei op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Géint 7.20 Auer waren an der Rue de la Gare zu Bieles en Auto an e Camion net laanschtenee komm. Hei gouf et keng Blesséierter.
Eng weider Kéier Auto géint Bus hat et da géint 7.30 Auer zu Waldbëlleg geheescht. De Bus war hei an enger Kéier an d'Rutsche komm a krut dobäi en Auto ze paken. Duerno war de Bus dann nach an d'Mauer vun engem Virgäertche gerannt, éier en un d'Stoe koum.
Jeeweils eng blesséiert Persoun gouf et dann, wéi géint 7.40 Auer zu Houschent an eng Stonn méi spéit um Hareler Potto jeeweils en Auto accidentéiert ass.
Ee méi uergen Accident gouf et dann um 9.51 Auer um CR102 tëscht Schous a Fëschbech. Nodeems hei en Auto sech iwwerschloen hat, war de Samu vun Ettelbréck an den Asaz geruff ginn, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren. Dës koum, wéi d'Police preziséiert, fir eng Kontroll an d'Spidol.