Alerte Jaune um MëttwochVerkéierschaos wéinst Schnéi
MeteoLux hat gemellt, dass et an der Nuecht op e Mëttwoch a bis an de Moien eran am Grand-Duché geschneit hat. Den Norde war hei méi betraff.
Schnéispaass a Verkéierschaos
Um Dënschdeg den Owend a Mëttwoch de Moien huet et am Land geschneit. Wat fir deen ee Fun bedeit huet, war fir deen anere Stress am Trafic.
Tëscht Hallefnuecht an 8 Auer moies huet et um Mëttwoch zu Lëtzebuerg geschneit. Wärend fir de Süden 1 bis 2 Zentimeter virausgesot goufen, konnten am Norde 4 bis 8 Zentimeter falen.
Am Laf vum Nomëtteg solle méi douce Loftstréim eriwwer zéien, ma et bleift awer weiderhin onbestänneg an naass.
Den ACL warnt: Plazeweis staark Schnéi- a Reeschaueren an niddereg Temperature kënne fir schlecht Stroosseverhältnesser suergen.
Passt w.e.g äre Fuerstil de Wiederkonditiounen un.
Éischt Stroosse gespaart
Verschidde Strecke sinn nach duerch ze vill Schnéi deels blockéiert:
- N8 Kräizerbuch - Arel (be)
- N11/Route d’Echternach am Beräich vum Waldhaff – Dummeldeng
- N84, tëscht Baaschtnich an dem Pommerlach
- N31, Keeler Poteau
- N15/Route de Bastogne am Beräich Heischent – Nidderfeelen – Ettelbréck
- Rue de Kreuzerbuch/CR106 zu Habscht
Aktuell oppasse sollen een:
- CR171 Sandweiler/Neimillen - Schraasseg
- CR120A Schouss -Fëschbech
Verschidde Schoulbusse koumen net duerch, munch Kanner sinn deemno mat Retard an d’Schoul komm.
Et goufen och eng ganz Partie Accidenter gemellt. Méi Detailer fënnt een HEI.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
Zu Lënster © RTL Mobile Reporter
Zu Monnerech © RTL Mobile Reporter
Zu Habscht kommen d’Camionen d’Kräizerbuch net erop.
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?