Den 22. Mäerz 1956 koum d’Maria Teresa Mestre zu Havanna op Kuba op d'Welt.

Si huet an der Schwäiz Politikwëssenschafte studéiert, wou si och den deemolege Prënz Henri kennegeléiert huet. Si haten zesummen déi selwecht Coursen. No hirem Studium huet d'Koppel hir Verlobung bekannt ginn an op Vältesdag 1981 hu si sech bestuet. D'Groussherzogin huet fënnef Kanner an ass antëscht Groussmamm vu fënnef Enkelkanner.

D'Fra vum Grand-Duc setzt sech a ville Beräicher an, zum Beispill géint d'Gewalt géint Fraen a Krichsgebidder. Zanter 1997 ass si donieft Ambassadrice bei der Unesco a gouf 2007 vun Unicef zur Eminent Advocate for Children ernannt.

Zu hire Passioune gehéiere Blummendekoratiounen, Konscht, Architektur a Kultur.