Poppenhaiser sammelen a selwer bauen
D’Jacqueline Grethen ass begeeschtert vun der Welt vun de Poppenhaiser a Poppestuffen. Haiser dekoréieren, Miwwelen opriichten a Geschichten erzielen.
Dat mécht d'Jacqueline am fréiere Spillzëmmer vun den eegene Kanner. Mol gëtt ee Poppenhaus kaf, mol gëtt et awer och komplett selwer gebaut. Mat de Jore sinn do eng 30 Poppenhaiser zesummekomm an déi stinn elo doheem. Bis ewell huet d’Jacqueline sech net ëmmer getraut senge Frënn a Bekannte vun dëser Passioun ze erzielen, well dann dacks géing gelaacht ginn. Vum 25. Mee u stellt hatt awer elo fir déi éischte Kéier seng ganz Kollektioun an der Galerie am Duerf zu Steesel aus.
Elo heescht nach emol alles gutt stëbsen, fir datt fir déi éischt Ausstellung alles a beschtem Zoustand ka gewise ginn. Eng RTL-Ekipp huet hatt bei de Preparatiounen doheem besicht a krut en Abléck an d’Poppenhaiser-Kollektioun. Et ass eng aner Welt - eng Welt, déi d’Jacqueline begeeschtert a seng Freed wëll et vun elo u mat anere Leit deelen.