Beim aktuelle Wieder lackelen ons déi sougenannte Badegewässer Rëmerschen, Wäiswampech an de Stauséi.

Vun dësem Weekend un ass eng véiert Platz bäikomm: Den Iechternacher Séi.

Op ronn 33 Quadratmeter kann ee lo hei seng Längte schwammen. Bis et esou wäit war, huet de Séi awer fir d'Éischt missen entschlammt ginn. Iwwert déi lescht 3 Joer goufen dofir ronn 7.000 Meterkibb aus dem Séi geholl. Do hätt ee mat enger hollännescher Firma zesummegeschafft, erkläert den éischte Schäffe Ben Scheuer, fir de Bulli annerhallwe Kilometer weider an e speziellt Becken ze pompelen. D'Waasserwirtschaftsamt huet iwwer déi lescht 3 Saisonen op fest definéierte Plaze Prouwe geholl an analyséiert. D'Qualitéit vum Séi muss dobäi konstant gutt bleiwen, fir datt et kann als Badegewässer klasséiert ginn. Dee Monitoring géif elo reegelméisseg eemol de Mount weider gemaach ginn, esou d'Manuela Barboni vum Waasserwirtschaftsamt.

De Schwammberäich bei der Adventure Island ass déi Éischt vun dräi Phasen. Méi spéit sollen nach Steeë bei d'Jugendherberge an d'Fëscherinsel kommen. D'nächst Joer, mengt de Buergermeeschter Yves Wengler.  Et géif een nach op Geneemegunge waarden.  Et wier och vu Virdeel, datt ee mol mat engem klenge Schwammberäich ufänkt. Esou kéint ee lues a lues kucken, wéi gutt de Séi besicht ass a wou et eventuell nach Verbesserungsméiglechkeete gëtt.

Bis Enn September kann ee vu moies 7 bis owes 22 Auer schwamme kommen. Den Accès ass fräi... an deen éischte vir.

De Jérôme Schiltz war ee mat deen Éischten am Waasser.  Hie wunnt an der Géigend an ass reegelméisseg um Séi. "Dat ass wéi meng Terrasse", laacht hien, "a lo hunn ech och nach eng Plage do.  Da kann ech mir sonndesmoies en Duch iwwert d'Schëller geheien, mam Vëlo erofkommen, schwamme goen an nees zeréck."

Wéi grouss den Undrang ass, dat misst een déi nächst Woche kucken. D'Gemeng hätt allzäit e speziellt Verkéiersreglement ausgeschafft fir déi Deeg, wou de Séi gutt besicht ass.

Schwammen am Iechternacher Séi vun dësem Weekend un
Vun dësem Summer un ginn et lo véier Plazen, wou ee sech an der Natur kann ofkillen an schwamme goen.