Den zweeteelste Fils vun der groussherzoglecher Koppel feiert e Samschdeg säin 39. Gebuertsdag.

De Prënz Félix Léopold Marie Guillaume de Luxembourg, wéi hie mat sengem ganzen Numm heescht, huet 3 Bridder, den Ierfgroussherzog Guillaume, de Prënz Louis, de Prënz Sébastien an eng Schwëster, d'Prinzessin Alexandra. Säin Numm krut hie vu sengem Urgrousspapp, dem Prinz Félix von Bourbon-Parma.

De Prënz Félix, deen nom Ierfgroussherzog Guillaume an de Prënz Charles a François de Véierten an der Trounfolleg ass, dréit iwwerdeems de Grad vum "Chevalier de l'Ordre du Lion d'Or de Nassau".

Am September 2013 huet sech de Prënz Félix an der Basilika Sainte Marie-Madeleine de Saint-Maximin-la-Sainte-Baume a Frankräich mam Claire Lademacher bestuet. Hien a seng Fra, déi zanterhier den Titel Claire vu Lëtzebuerg, Prinzessin vun Nassau huet, hunn zesummen ee Meedchen an ee Jong. De 15. Juni 2014 ass hir Duechter Amalia Gabriela Maria Teresa zu Lëtzebuerg gebuer ginn. De Prënz Liam Henri Hartmut ass den 28. November 2016 op d'Welt komm.