Privatleit invitéieren an hir gréng Oas hannert dem Haus
Fir déi 20. Kéier huet d'Liga Gaart an Heem nees den Dag vun der oppener Gaardepäertchen organiséiert.
Ëmmer um leschte Weekend am Juni invitéiere Privatleit an hiert perséinlecht, gréngt Paradäis. Et ass eng Initiativ, déi hiren Ursprong an England huet. Deemools huet een 1927 d'Gäert vun der kinneklecher Famill fir de Public opgemaach, fir der verstuerwener Kinnigin Alexandra ze gedenken. De Benefice huet een un en Hëllefsfong fir d'Krankefleeg gespent, well sech d'Kinnigin zu Liewenszäiten immens dofir agesat huet. Zu Lëtzebuerg muss een näischt bezuelen, wann een d’Gäert wëll kucke goen an et fënnt een eng komplett Lëscht mat allen Adressen um Internetsite vu Gaart an Heem. Bis 2025 wéilt een den Dag vun der oppener Gaardepäertchen nach weider ausbauen sou, dass een all d'Gäert mat enger Navette kéint besichen, well se uechter dat ganzt Land verspreet sinn.
Am Reportage besiche mir d'Gäert zu Eschduerf, zu Biissen an zu Walfer. Déi eenzel gréng Oase sinn dobäi esou ënnerschiddlech wéi hir Proprietären.
Wann ee bei de Marco an d'Edmée Schank op Visitt kënnt, da kritt een als éischt emol e Plang vun hirem Grondstéck an d'Hand gedréckt. Séier gëtt kloer: Hei ass et bei wäitem méi grouss wéi een op deen éischten Ament denkt. Iwwer zwee Hektar erstreckt sech hei e reegelrechte Park mat engem Naturweier, engem sougenannte "Longwalk", engem Labyrinth a villem méi.
Zu Biissen bei der Famill Horsmans ass d'Konzept e ganz anert. Si hunn e Gaart fir grouss a kleng geschaaft. Op der enger Säit fënnt een e Geméisgaart an op der anerer eng Spillplaz. Hinnen ass et wichteg, dass jidderee säin Eck huet a si wëlle virun allem déi Jonk nees méi dozou motivéieren, fir sech en eegene Gaart unzeleeën. Op hirem Instagram-Account poste si reegelméisseg hir aktuell Projeten, Rezepter a Gaardentipps.
D'Sabine an de Fernand Wolf hunn nach eng ganz aner Approche gewielt a verbanne Konscht an Natur hannert hirem Haus. Virun allem sprangen engem déi sëllegen afrikanesch Skulpturen a Mosaicker an d'Aen, déi un hir gemeinsam Zäit am Simbabwe erënneren, wou si iwwer e puer Joer gewunnt hunn.
Um Dag vun der oppener Gaardepäertchen well ee Leit mat der nämmlechter Passioun zesummebréngen an den Austausch fuerderen. Wou keefs du deng Blummen? Wéi bewässers du? Ma och un Dekosiddie kann ee sech hei inspiréiere loossen oder seng Froe stellen wann ee sech villäicht manner mam Thema auskennt a am Gedanke spillt sech en eegene Gaart unzeleeën.