Dës Woch geet et ëm Filmer, den Udo Kier, Hëllef fir Kanner, Zirkus a vegane Chrëschtmaart.

Den Andy Bausch kuckt zréck op 40 Joer Kuerzfilmer mam Programm 'Make it short'. Vun 1984 bis 2024 huet hie sech bal schwaarz-wäiss, bal faarweg, veréiwegt. Filmer iwwer den Däiwel, Cowboye, Gangster, d'Rocklegend Freddie a Prostituéiert, där déi eis Sprooch léiere wëllen a vill anerer méi. Vill Humor, mam Thierry van Werveke an eng Hellewull vu Lëtzebuerger Schauspiller. Den Andy Bausch huet awer och e puermol mam Udo Kier gedréit, deen den 23. November gestuerwen ass an de Regisseur huet vill Erënnerungen un déi Tournagen.   www.shorts.lu

RTL

De Jürgen Schwarz war lescht Woch um Depart vun '30 Joer RTL Spendenmarathon'. Dëst Joer ware si zu zwee vu 'Buderus Lëtzebuerg' zu Köln, fir dem Joey Kelly bei sengem 24 Stonnen Exploit ze hëllefen. Wéi all Joer goung et drëms, fir méiglechst vill Suen zesummen ze kréien a sou Kanner a Nout duerch d'Fondatioun 'Wir helfen Kindern' z'ënnerstëtzen. Et gouf direkt 2 Anniversairen ze feieren, well nieft dem 30. Spendenmarathon war et och den 10. Asaz vu Lëtzebuerger op der Plaz, déi bei engem Parcours mat Obstakelen Dag an Nuecht Engagement bewisen hunn. wirhelfenkindern.rtl.de/

RTL

D'Bianca Renz preparéiert sech op de 'Festival International du Cirque du Luxembourg'. Dëse Samschdeg a Sonndeg moosse sech nees international Kënschtler an Akrobaten am Manège a gi sech drun, fir de Pokal ze gewannen. Bis de 4. Januar erwaart Iech duerno um Glacis e fonkelneien Programm am Zirkuszelt, wou een aus dem Staunen net méi erauskënnt. Momenter, déi engem zu Häerz ginn, wou et ze laache gëtt a vill aussergewéinlech Nummeren, déi engem d'Loft huelen. https://www.cirquedulux.com/

RTL

D'Barbara Ujlaki versicht mam 'Vegan Christmas Market' d'Leit z'iwwerzeegen, fir anescht ze liewen. De Weekend vum 6/7ten Dezember gëtt et nees allerlee Stänn zu Bouneweg am Centre Culturel, wou ee net just iessen an drénke kann, mee wou een och Crèmen, Poschen a Lecture zum Thema fënnt. D'Barbara selwer ass mat 11 Vegetarierin ginn, an zanter 10 Joer lieft si och vegan an dat aus ethesche Grënn a Relatioun mam Déierewuel. Als Presidentin vun der 'Vegan Society Luxembourg' wëll si och Klischeeën ofbauen a weisen, dass déi Artikelen grad sou gutt schmaachen.   www.vegansociety.lu/

RTL