Et war iwwerdeems net déi éischte Kéier, datt d'Rapperin Cardi B mat Mikroen ëm sech geschmass huet.

Et mécht wuel net vill Spaass, op der Bün ze stoen, wa sech d'Publikum virun der Bün net behëlt. Déi amerikanesch Rapperin Cardi B huet e Samschdeg d'Nerve verluer, nodeems hir aus dem Publikum Gedrénks entgéintgeflu koum.

Naass gemaach gouf d'"WAP"-Sängerin zu Las Vegas am Drai's Beach Club. D'Cardi B huet de Virfall net op déi liicht Schëller geholl. An enger séierer Reaktioun huet si hire Mikro op d'Persoun am Publikum geheit, déi de Becher lancéiert hat. D'Security war séier op der Plaz an no enger kuerzer Ënnerbriechung ass d'Show du weidergaangen.

Et war iwwerdeems net deen éischte Mikro, deen der Cardi B aus der Hand geflunn ass. Schonn e Samschdeg gouf op Tiktok ee Video vun e Freideg gepost, wou d'Rapperin am Drai's Nightclub mat hirem Mikro nom DJ ze geheie schéngt, deen hiert Lidd ze fréi gestoppt huet.