An der leschter Episod vun eiser Summer-Kachserie huet den Dan Becker de fréiere Futtballspiller Armin Krings hannert d'Kachplack invitéiert.

No senger Zäit als Futtballspiller huet den Armin Krings de Vëlossport fir sech entdeckt. An dofir ass Mallorca och fir hien eng vun de flottsten Destinatiounen.

Vum Dan Becker kritt den Armin a senger Kach-Emissioun e puer Tipps fir säi Liblingsiessen: Pouletshämmercher mat gebootschte Gromperen.

Wat brauch een, fir d'Rezept nozekachen?

Pouletshämmercher
Speck
Basilikum
Salz a Peffer

Fir d'gebootschte Gromperen

kleng Gromperen
1 Ënn
Knuewelek
Salz a Peffer
1 kleng Taass Kaffi