Techno-Party um Schëff

© navitours
An eisem Summer-Agenda vun e Samschdeg schécke mir Iech op d'Schëff an dat op Réimech op de roude Léiw.
Hei erwaarden Iech nämlech e puer Stonne Fun a Party um Waasser.
Organiséiert vun navitours am Kader vun hirer Party Serie "Sundayvibes" elo iwwert de Summer, kann ee sech muer den Owend op der Musel op enger Techno-Party mat den DJen Bruno Benoev a Pablo Stumm een ofdanzen. Wéi den Oflaf vum Owend wäert sinn, weess d'Demi Gabriella Krutwagen vun navitours:
"Ab 18 Auer kommt Dir op de Roude Léiw, do ass de Boarding. Um 18:30 Auer fuere mer da lass, normalerweis duerch eng Schleis Richtung Sierck-les-Bains a kommen zréck géint 23:30 Auer an der Nuecht."
D'Konzept ass dann u sech och ganz einfach. Hei geet et drëms an enger gudder Ambiance op déi beschten Techno-Beats ze danzen a sech ze amuséieren an dat emol an enger e bëssi anerer Location. Allerdéngs ass op sou engem Schëff elo net sou vill Plaz, wéi an enger grousser Hal zum Beispill:
"Op dat Schëff passen 300 Leit, dat ass fir dass jidderee gemittlech danze kann an dass een net komplett zerquëtscht ass an der Mass u Leit, dat heescht bei 300 maache mer normalerweis Stopp."
D'Organisateure roden awer dovunner of am Bikini ze komme well Owes gëtt et e bëssi méi frësch. Ma och Tallekeschong sinn elo net onbedéngt vu Virdeel an dat net well een um Boot domadder fale géing, mee vill méi well ee riskéiert d'Féiss dra wéi ze kréien.
Tickete fir dës Techno-Party um Waasser ginn et entweder am Virverkaf um offiziellen Internetsite oder awer och nach an der Oweskeess falls der nach do sinn. Dofir kënnt Dir roueg den Dag selwer nach bei navitours uruffen an nofroen éier Dir Iech op Réimech deplacéiert.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Fotoexpo Nature’s Luxembourg Veianer Schlass
Den Tipp vun en Dënschdeg: Op Entdeckungsrees an der "Schlammwiss"
Den Tipp vun e Mëttwoch: Mam Solarboot um Stauséi
Den Tipp vun en Donneschdeg:"Mähdreschercross" zu Rammerech
Den Tipp vun e Freideg:LuxPlaymoDays zu Käerjeng