Fir kulinaresch gutt an dat neit Joer ze starten, huet d'Anne Iech dës Kéier direkt zwee Rezepter matbruecht.

Neijoersgranola

Fir ee Glas
 
40g Hunneg
50g Kokosnossueleg
1 ½ Téiläffel Spekulatiusgewürz
150g Huewerflacken
50g gemëschten Nëss (z.Bsp. Mandelen, Pekannëss, Hieselnëss)
20g Mandelbliedercher
20g Cassonnade
75g Marzipan, gefruer
1 Téiläffel Vanillsextrakt
2 Téiläffel Amaretto
Eng gutt Pouz Salz
60g Korinten
30g gedréchent Äppel, gehackt

Den Schäffchen op 150C Ëmloft erhëtzen.
 
An enger klenger Kasserolle den Hunneg mam Kokosnossueleg schmëlzen, dann d’Spekulatiusgewürz ënnerréieren.
 
D’Huewerflacken an eng grouss Schossel ginn. D’Nëss graff zerklengeren a mat de Mandelbliedercher an dem Cassonnade an d’Schossel ginn.
 
De gefuerene Marzipan direkt an d’Schossel rappen a vermëschen. De geschmolten Hunneg mam Vanillsextrakt, Amaretto an enger Pouz Salz ënnerhiewen.
 
Alles op e Bakblech mat Bakpabeier verdeelen a 25 Minutte baken. No der Hallschent vun der Zäit eng Kéier ëmréieren.
 
De Granola aus dem Schäffchen huelen an ofkille loossen.
 
Dann an eng Schossel schëdden, d’Korinten a gedréchent Äppel drënner vermëschen, an dann an e Glas fëllen.
 
De Granola hält sech fir op d'mannst e Mount.

RTL

© Anne Faber

Energie-Bällercher

Fir 20 Bällercher
 
50g gemëschten Nëss (z.Bsp. déck Nëss, Mandelen, Pekannëss, Pistaschen, Kürbiskären)
50g Kichelcher, déi vu Chrëschtdag iwwereg bliwwe sinn (z.bsp. Spekulatius, Liefkuch)
50g Dattelen
40g gedréchent Quetschen
40g Korinten
20g Orangeat
¼ Téiläffel Kanéil
1 Iessläffel Hunneg
Kokosraspel, fir dran ze rullen
 
D’Nëss an d’Kichelcher an e Mixer ginn a graff mixen. An eng Schossel ginn.
 
D’Dattelen an d’Quetsche graff zerklengeren an dann zesumme mat de Korinten, dem Orangeat an dem Hunneg an de Mixer ginn. Zu enger Past mixen.
 
D’Nëss an d’Kichelcher zréck an de Mixer ginn an nach eng Kéier alles zesumme mixen.
 
Mat naassen Hänn kleng Boule formen an se a Kokosraspel wenden.
 
D’Bällercher halen sech 2 Wochen an enger Tupperware am Frigo.