Zwou Wochen huet de 47 Joer ale Schauspiller elo Zäit, fir sech prett ze maachen, fir an de Prisong ze goen.

Seng Strof krut de Star vun der Serie, well hie méi wéi eng Kéier dobäi erwëscht gouf, wéi hien ouni Permis mam Auto gefuer ass. Dofir war hien zu 10 Méint Prisong verurteelt ginn, dat awer op Sursis, wann hie verschidden Oplagen erfëllt. Hie sollt 20.000 Euro un eng Organisatioun spenden, ma de komplette Montant ass awer net an der vum Geriicht gesater Frist iwwerwise ginn. A genau dowéinst muss de Kida Khodr Ramadan elo an de Prisong.