En ass brong, cremeg, séiss an net nëmmen d'Kanner hunn e gär op der Schmier: den Nutella.

De 5. Februar ass fir munch een e ganz normalen Dag, ma fir d'Nutella-Fans ass et e Feierdag. Do steet hir Liblingsmark vun der Noss-Nougat-Crème nach méi am Mëttelpunkt an dat iwwerall op der Welt. Ënnert dem Hashtag #worldnutelladay fannen deemno d'Fans vun iwwerall zesummen.

De World Nutella Day gouf 2007 an d'Liewe geruff an zwar vum Sara Rosso, enger Bloggerin aus den USA a wuel DE gréissten Nutella-Fan iwwerhaapt. Hir Iddi, dass dës Crème en eegenen Feierdag verdéngt huet, huet immens vill Mënsche begeeschtert. An aus enger Iddi gouf e weltwäite Phenomen, deen déi Begeeschtert mat Biller, Rezepter a villen aneren Iddie feieren.

Hiergestallt gouf d'Crème 1940 vum italieenesche Pâtissier Pietro Ferrero, deen den Nutella deemools "Pasta gianduja" a spéider och nach "Supercrema granduja" gedeeft hat. 1964 huet d'Noss-Nougat-Crème hiren definitiven Numm kritt, eng Mëschung aus dem engleschen "nut" an der italieenescher weiblecher Form "ella".

Dat alleréischt Glas Nutella gouf den 20. Abrëll 1964 zu Alba produzéiert. Knapp ee Joer méi spéit goufen déi éischt Glieser mat der Schockelasbotter-Crème och an d'Ausland verkaf an nach am Laf vun de 60er Jore gëtt se an Däitschland produzéiert.

Mir soen zwar Schockelasbotter, et ass awer kee Botter dran.

Nutella besteet an der Haaptsaach aus Zocker, Hieselnëss, Mëllech, Kakao, Sojalecithin, Vanillin an eng gutt Portioun Palmueleg. Dësen Ueleg ass allerdéngs scho ganz laang ëmstridden a Ferrero steet ëmmer nees dowéinst an der Kritik. Fir de Palmueleg muss de Reebësch Palme Plaz maachen an et entstinn enorm grouss Monokulturen. Fir d'Déieren- a Planzewelt geet dobäi natierlech enorm vill Liewensraum verluer. Deen aneren Problem, et suergt fir ekologesch souwéi sozial Problemer an de Produktiounslänner, zum Beispill duerch ausgestousse Schuedstoffer bei de Palmueleg-Raffinerien.

Fir Firmen, déi de Palmueleg an hire Produite benotzen, ass et virun allem eppes: bëlleg a praktesch. Palmueleg suergt u sech dofir, dass esou Crèmë sech gutt op der Schmier verdeele loossen an net haart ginn, och well dësen Ueleg manner séier oxidéiert an en ass neutral am Goût. E léisst sech villfälteg asetzen, gutt verschaffen a verdréit Hëtzt. D'Palme wuessen dann och immens séier a gehéieren eleng dofir zu den effizientsten Uelegplanzen.

Nach eng Info: Palmueleg ass zanter jeehier e Bestanddeel a villen anere Produiten, zum Beispill a gefruere Fäerdegpizzaen, Lëppestëfter, all méiglech Zorte Schockela, Päckelcherszoppen a souguer Wäschmëttel. An d'Lëscht geet nach weider...

Dat heescht, kucke mer net allkéiers no, konsuméiere mer sou schonn all Dag Palmueleg, och ouni Nutella. Ëmmerhi gehéiert Ferrero nach zu de wéinege grousse Firmen, déi zwar Palmueleg bezéien, awer drun interesséiert sinn, vu wou an ënner wéi enge Konditiounen e produzéiert gouf. Fir vill aner Firme gëllt dat net.

Ferrero notzt deemno zu 100% isoléierte Palmueleg an ënnerstëtzt de Palm Oil Innovators Group, e Gruppement vu verschiddenen NGOen an Organisatiounen, déi sech fir Verbesserungen a méi streng Krittären asetzen. Et sollt een also net onbedéngt mam Fanger op Nutella, respektiv Ferrero weisen oder zum Boykott opruffen, wéi och scho WWF Deutschland op hirem Site geschriwwen huet.

Mëttlerweil steet Nutella jo och stellvertriedend fir sämtlech aner Noss-Nougat-Crèmen, déi um Maart sinn, mat oder ouni Palmueleg. Ferrero verkeeft all Joer bis zu 250.000 Tonne vun hirer Crème fir op d'Schmier an dat a 75 Länner weltwäit.

Wéi wier et mat selfmade?

Wien lo net onbedéngt esou ee groussen Nutella-Fan ass oder einfach mol säi Schockelasbotter wëll selwer maachen, dee wäert iwwerrascht sinn, wéi einfach dat ass. Fir eng Portioun brauch et nämlech net méi wéi:

  • 150 gr Mëllech
  • 120 gr Zocker
  • 80 gr Botter
  • 1 Pck. Vanillszocker
  • 150 gr Schockela (däischter oder hell)
  • 100 gr gemuelen Hieselnëss

D'Mëllech zesumme mam Zocker opkachen, dono de Botter dra schmëlzen. Am nächste Schratt de Schockela mat dra schmëlzen an zum Schluss nach d'Hieselnëss dra réieren. Ofkille loossen, fäerdeg. D'selfmade Noss-Crème hält sech e puer Wochen, schafft ee mat ofgekachte Glieser an et fëllt ee se an e loftdicht, gutt zouent Glas, dann hält se souguer iwwer e puer Méint.