D'Prinzessin Alexandra feiert hir 33 Joer

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
D'Prinzessin Alexandra, dat eenzegt Meedche vun der groussherzoglecher Koppel, ass de 16. Februar virun 33 Joer op d'Welt komm.
D'Prinzessin Alexandra, Joséphine, Teresa, Charlotte Marie, Wilhelmine, Prinzessin vu Lëtzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parme koum 1991 an der Maternité "Grande-Duchesse Charlotte" op d'Welt.
Si ass dat 4. Kand vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg.
Den 22. Abrëll d'lescht Joer hate sech d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory op der Gemeng an der Stad Lëtzebuerg d'Jo-Wuert ginn. Déi kierchlech Hochzäit gouf e puer Deeg méi spéit a Frankräich an der Kierch Saint Trophyme op der Côte d'Azur gefeiert.
Kuerz viru Chrëschtdag d'lescht Joer hat den Haffmarschall déi schéin Nouvelle matgedeelt, datt déi groussherzoglech Famill méi grouss gëtt. D'Prinzessin Alexandra an hire Mann erwaarden hiert éischt Kand. D'Gebuert ass fir d'Fréijoer. Wéini genee gouf awer net verroden.
Mir wënschen der Prinzessin all Guddes fir hire Gebuertsdag.
Schreiwes vum Haff
Anniversaire de Son Altesse Royale la Princesse Alexandra
Son Altesse Royale la Princesse Alexandra, née à Luxembourg le 16 février 1991, célébrera ses 33 ans ce vendredi.
La Princesse est le 4e enfant et l’unique fille de Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse de Luxembourg.