Ganz modern annoncéiert sech déi nächst Lëtzebuerger Staatsvisitt am Ausland.

Ënnert dem Slogan #LU in Belgium reest d'groussherzoglech Koppel vum 16. bis den 18. Abrëll op Invitatioun vum belschen Haff an d'Nopeschland.

Um Programm vun der dräi Deeg laanger Staatsvisitt stinn natierlech Visitten an Zeremonien an der Haaptstad Bréissel, mee och zu Gent a Léck.

2019 war d'belsch Kinnekskoppel hirersäits iwwerdeem op Staatsvisitt hei am Land , duerno koum d'Pandemie-Zäit an d'Retour-Visitt geschitt deemno eréischt dëst Joer.

Viru 5 Joer waren de Kinnek Philippe an d'Kinnigin Mathilde iwwregens Mëtt Oktober mam Zuch op Lëtzebuerg gereest. Statioune waren deemools Dikrech, Rëmerschen, Belval a Betzder.