Wéi international Medie gemellt haten, krut d'hollännesch Krounprinzessin Amalia Menacen, sou hefteg, dass si ënnergedaucht ass.

Aus deene Grënn huet déi 20 Joer al Prinzessin iwwer ee Joer laang net an hirem Land, ma a Spuenien, respektiv zu Madrid studéiert an och gelieft. Dat mellt de Rundfunksender NOS a berifft sech op Quellen aus dem Kinnekshaus. Antëscht lieft d'Krounprinzessin Amalia nees zu Amsterdam.

2022 hat si hir Etüden an der Politik, Psychologie, Jura an Ekonomie un der Universitéit vun Amsterdam lancéiert. Ma no just e puer Wochen ass si aus hirer Studentewunneng erausgeplënnert an nees zeréck an de Palais zu Den Haag geplënnert. Deemools gouf dann och scho gesot, et wier wéinst Menacë géint déi jonk Prinzessin. Zu Amsterdam bleiwe wier keng Optioun, hat hir Mamm, d'Kinnigin Máxima, nach verdäitlecht.

Wéi eng Menacë genee ausgeschwat goufen, ass deemools net präziséiert ginn. Berichter no hätt ee Bedenke gehat, Krimineller kéinten d'Prinzessin entféieren.

Wéi NOS elo awer mellt, wier d'Gefor nach net eriwwer. D'Krounprinzessin kéint bis haut wéinst "Moossnamen, déi awer net erkläert ginn, weder an Holland liewen, nach studéieren.

Och aus der Ëffentlechkeet huet sech d'hollännesch Prinzessin zeréckgezunn. E Mëttwoch den Owend ass ee vun de ganz seelenen Optrëtter geplangt, sou d'Kinnekshaus. Si ass bei engem Staatsbesuch vun der spuenescher Kinneksfamill vun 2 Deeg dobäi.