Ian Lejeune, Nathalie Leger an den Europäesche Kulturpräis
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Drag Queens zu Réiden, Konscht um Babybauch an den Europäesche Kulturpräis.
De Ian Lejeune ass de Gerant aus der "Brasserie Barnum - Cabaret Madame" zu Réiden, déi zanter 2019 vum geléierten Innenarchitekt geleet gëtt. Viru kuerzem war d'Adress an de soziale Medien opgedaucht, well d'Patronen aus finanzielle Grënn gefaart hunn, dës eenzegaarteg Plaz zu Lëtzebuerg mussen zouzemaachen. Hëllefe konnt just nach ee Crowdfunding, an de Moment gesäit et och net schlecht aus, dass weider Soiréeë mat Drag Queens organiséiert ginn. Seng Popularitéit als Mme Yoko an d'Sendung "Drag Race Belgique" hu sécherlech gehollef.
D'Nathalie Leger huet mat der "Babybauch Art" eng Iddi fir Fraen an aneren Ëmstänn. D'Kënschtlerin huet 2007 mat abstrakter Molerei ugefaangen, awer och am 3D-Drock huet si Erfarung. Wéi d'Nathalie iwwer hirer éischter Schwangerschaft war, huet si sech geduecht, als Souvenir e Bauch an engem Bild ze verschaffen. Den Ofdrock gouf den 29. November 2013 gemaach a wéi d'Konschtwierk am Mäerz 2014 zu Péiteng op enger Expo gewisen gouf konnt si sech net méi vun Interessentinnen wieren, sou dass entretemps schonn méi wéi 400 Ofdréck gemaach goufen.
Glamour a vill Prominenz gëtt et e Freieg den Owend an der Philharmonie bei der Iwwerreechung vum "Europäischen Kulturpreis". De prestigiéise Präis geet un d'Grande-Duchesse Maria Teresa, de fréiere President vun der Europäescher Kommissioun Jean-Claude Juncker an den Entertainer Frank Elstner, deem seng Karriär viru 60 Joer bei Radio Luxemburg ugefaange huet. Geéiert gi si vun de Sänger Adel Tawil a Jeanette Biedermann, dem Schrëftsteller Claude Frisoni an der Animatrice Frauke Ludowig. Bei der feierlecher Zeremonie soss nach ënner anerem mat dobäi den Operesänger Rolando Villazon, d'Wiener Sängerknaben, d'Wiener Chormädchen an de Popstar Ronan Keating.
