Wéi eng Rei Medien e Méindeg de Moie mellen, ass de Richard Lugner verscheet.

Der "Krone" no wiere Secouristen a seng Villa zu Döbling geruff ginn, ma Reaniméierungsversich wieren ëmsoss gewiescht.

Den 91 Joer ale "Mörtel", wéi hien an Éisträich bekannt war, hat eng Rei gesondheetlech Probleemer a gouf eréischt am Juli um Häerz operéiert. De Mount virdrun hat de Promoteur zu Wien seng sechsten Hochzäit gefeiert, dat mat der 42 Joer ale Simone "Bienchen" Reinländer.

De Richard Lugner war och bekannt derfir, all Joers eng aner international Berüümtheet mat op den traditionellen Wiener Opernball ze huelen. Dëst Joer hat d'Priscilla Presley d'Éier.

RTL

De Richard Lugner mat der Priscilla Presley um Wiener Opernball 2024. / © AFP/Alex Halada