Hotelschoul, Patissieren a Wënzer Deel vum gastronomesche Konzept vum Pavillon
Den 13. Abrëll wäert d’Weltausstellung zu Osaka hir Dieren opmaachen. Iwwer 50 Pavillone wäerten iwwer 6 Méint Visiteuren aus der ganzer Welt empfänken.
D’Organisateure ginn dovunner aus, dass ëm déi 27 Millioune Visiteuren d’Expo wäerte besichen. E familljefrëndlech Pavillon, an deem een och eppes ze iessen an ze drénke kritt, dat soll de Lëtzebuerger Pavillon sinn, seet den André Hansen, Generalkommissär vum Lëtzebuerger Pavillon zu Osaka : "Ech mengen, dass Iessen a Gedrénks ëmmer verbënnt a mir hu jo e Motto am Lëtzebuerger Pavillon "Doki Doki – the Luxembourg heartbeat", sou dass mer domadder och Emotioune wëlle vehiculéieren an do gehéiert einfach Iessen an Drénken dozou an dat ronnt dat Ganzt einfach richteg gutt of."
De GIE, de groupement d’intérêt économique, vum Pavillon huet zesumme mat der Hotelschoul e gastronomescht Konzept ausgeschafft. Am Pavillon wäert Streetfood gekacht an als Take Away zerwéiert ginn. D’Plate si gréisstendeels eng Fusioun tëscht Lëtzebuerger a japanesche Goûten. Zum Beispill steet um Menü e Luxembourg-style Corn Dog, e Wirschtchen am Gromper-Sauerkraut-Deegmantel, dee frittéiert a garnéiert gëtt oder eng Mini Brioche mat Roastbeef an enger Zooss am Stil vu Feierstengszalot. Gromperekichelcher mat Thon Sashimi, ma och traditionell Gromperekichelcher wäerten et ginn.
Iwwert déi ganz Zäit vun der Expo wäerte Schüler aus der Hotelschoul zesumme mat Enseignanten an der Kiche stoen. Jeeweils zwou Gruppe vun 10 Schüler bleiwe wärend 3 Méint dohannen an dëst am Kader vun engem offizielle Stage.
Am Pavillon wäerten et och Desserte vu Lëtzebuerger Patissieren ze iesse ginn. All Patissieren aus dem Grand-Duché sinn ugeschriwwe ginn, fir en Dessert anzereechen a 6 sinn der zeréckbehale ginn. Och hei handelt et sech ëm eng Séiss Fusioun tëscht Lëtzebuerg a Japan an et si Goûte vu Matcha, Kiischt, Saké a Bamkuch ze fannen. Japanesch Patisserië wäerten dës Rezepter kréien a se esou zoubereede wéi virgesinn.
6 verschidde Lëtzebuerger Cremanten a Wäiner wäerten am Pavillon ugebuede ginn. 80 verschidde Wäiner sinn agereecht, blann geschmaacht a bewäert ginn an eng kleng Selektioun ausgewielt ginn.