D'Prinzessin Alexandra, dat eenzegt Meedche vun der groussherzoglecher Koppel, ass de 16. Februar virun 34 Joer op d'Welt komm.

D'Prinzessin Alexandra, Joséphine, Teresa, Charlotte Marie, Wilhelmine, Prinzessin vu Lëtzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parme koum 1991 an der Maternité "Grande-Duchesse Charlotte" op d'Welt.

Si ass dat 4. Kand vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg.

Den 22. Abrëll 2023 hate sech d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory op der Gemeng an der Stad Lëtzebuerg d'Jo-Wuert ginn. Déi kierchlech Hochzäit gouf e puer Deeg méi spéit a Frankräich an der Kierch Saint Trophyme op der Côte d'Azur gefeiert.

No der Annonce ëm Chrëschtdag 2023, datt d'Prinzessin an hire Mann dat éischt Kand erwaarden, ass dat klengt Victoire de 14. Mee d'lescht Joer zu Paräis op d'Welt komm.

Mir wënschen der Prinzessin all Guddes fir hire Gebuertsdag.