D'Ierfgroussherzogin Stéphanie feiert hiren 41. Gebuertsdag

© GDL Service Presse
Zwee Deeg, nodeems d'Prinzessin Alexandra Gebuertsdag gefeiert huet, ass et en Dënschdeg um Tour vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie.
D'Fra vum Ierfgroussherzog Guillaume, déi dat Jéngst vun den aacht Kanner vum Grof de Lannoy ass, koum den 18. Februar 1984 zu Renaix an der Belsch op d'Welt. En Dënschdeg feiert si hiren 41. Gebuertsdag.
D'ierfgroussherzoglech Koppel ass den 20. Oktober 2012 an der Kathedral Notre-Dame an der Stad bestuet ginn. Si sinn d'Eltere vun zwee Bouwen. De Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume ass den 10. Mee 2020 op d'Welt komm an ass de grousse Brudder vum Prënz François Henri Luis Marie Guillaume, deen de 27. Mäerz 2023 d'Liicht vun der Welt erbléckst huet.
D'Biographie vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie fannt Dir hei.
Hei d'Schreiwes vum Haff:
Anniversaire de son Altesse Royale la Grande-Duchesse Héritière
Son Altesse Royale la Grande-Duchesse Héritière, née le 18 février 1984, célébrera ses 41 ans ce mardi.
La Comtesse Stéphanie de Lannoy est née à Renaix en Belgique. Elle est la huitième enfant, et la cadette, du Comte de Lannoy († 10.01.2019) et de la Comtesse de Lannoy, née Alix della Faille de Leverghem († 26.08.2012).