"Bargello", "Bonomeria" a "Café Veneziano" heeschen d'Glace-Championen

© RTL
Mir hunn nees gefrot, dir hutt eis är Meenung gesot. Hei sinn d'Top 10 Plazen hei am Land, op deenen een eng gutt Glace iesse kann.
Schonn eise kulturellen Nationalheld "Fausti" huet viru bal 30 Joer mat "Zwou Bulle Mokka" déi séiss a kal Leckerei mat engem Lidd beduecht, e Lidd, dat jo haut nach op all Lëtzebuerger Fuesbal oder soss enger Feier um Programm steet. Dat dierft elo net jidderengem seng Musek sinn, kloer, dorëms geet et hei natierlech och net, ma et weist awer op eng charmante Aart a Weis, wat fir e Stellewäert d'Glace och bei eis am Land huet, dat virun allem, wann d'Temperaturen am Summer klammen. Ma och bei kalen Temperaturen huet een ëmmer mol gär eng Glace aus der Tiefkühltruh als Dessert um Glace stoen, oder genéisst se ganz eleng fir sech um Still op der Couch.
Mëllech, Ram an natierlech Zocker, dat ass à la base alles, wat ee brauch fir Glace ze maachen. Da kléngt op den éischte Bléck einfach a banal, ma d'Ëmsetzung ass, wéi sou dacks, méi schwiereg. Net nëmmen, dass niewent der Basis natierlech jee no Goût och Friichten, Schockela, Kichelcher, Nëss a Gewürzer drakommen, ma fir aus all deene Komponenten zum Schluss eng kal, cremeg a lecker Glace hierzestellen, ass ouni Zweiwel eng Konscht fir sech.
Wou d'Glace genee hierkënnt, ass iwwregens, wéi sou dacks bei der Fro vum Ursprong vun Iessen, och hei net genee gewosst. Ma schonn a China virun 3.000 Joer, respektiv am anticke Roum, gouf scho kale Schnéi mat Friichten, Hunneg a Gewürzer gemëscht, fir sech esou mat enger Erfrëschung ofzekillen. D'Wëssen iwwert d'Hierstellung vu Glace wéi mer se haut kennen, kënnt wuel aus dem arabesche Raum an huet mat der Zäit, ëm d'Mëttelalter, de Wee iwwert den Handel bei eis an Europa fonnt. Am 17. Joerhonnert soll dann de Sizilianer Francesco Procopio dei Coltelli zu Paräis den éischte Glacë-Café opgemaach hunn, wouduerch d'Glace no an no engem breede Publik an Europa zougänglech ginn ass. Bis haut sinn d'Italiener jo virun allem bekannt, fir hir cremeg "Gelato".
Op alle Fall ass den Hype ëm d'Glace ni wierklech ofgeflaacht. Egal op een doheem bei héijen Temperaturen einfach Loscht drop huet, oder et sech an der Sonn wëll gutt goe loossen, d'Glace kënnt bei de meeschte Leit ëmmer nach extrem gutt un, egal op jonk oder al, einfach sou, oder nom Iessen als Dessert...
Mir hu gefrot, Dir hutt ofgestëmmt, hei sinn Är Top 10 Plazen zu Lëtzebuerg, op deenen een Ärer Meenung no déi bescht Glace kritt !
*All d'Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Ronn 1.800 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.
Readers' Choice Top 10: Bescht Glacen zu Lëtzebuerg
Plaz 1: Glacier Bargello
Ouverture: 2013
Adresse: 13, Rue du Fort Elisabeth, 1463 Luxembourg-Gare
Kontakt: 26 29 60 97
Glacen déi bei de Leit am beschten ukommen: Pistasch, Donkele Schockela (Sorbet), Crema Vespucci, an Äerdbier/Orange (Sorbet)
Wann een an de Glacier Bargello an der Stad erakënnt, verstoppt an enger Säitegaass net wäit vun der Rue de la Liberté, mierkt ee relativ séier, dass een hei net an engem "gewéinleche" Glace-Geschäft steet, wéi een se u sech zu Lëtzebuerg gewinnt ass. Dass dat och net de Fall ass, huet d'Patronne Laura Fontani am RTL-Interview och relativ séier kloer gemaach an et ass warscheinlech genee dat, wat de Bargello op déi éischte Plaz katapultéiert huet. Och wann et laangzäit spannend blouf, huet de original italieenesch Gelateria dann dach kloer d'Nues vir gehat. 2013 huet d'Laura Fontani hiert éischt Geschäft opgemaach, wéi gesot an der Stad, 2018 dunn en zweete Shop zu Bréissel an elo just, also 2024, nees een zu Lëtzebuerg, déi Kéier um Lampertsbierg.
D'Laura Fontani, deem seng Famill fréier schonn e bekannt Glace-Geschäft zu Florenz an Italien hat, wollt dëst och op Lëtzebuerg bréngen, dat mat engem komplett neie Konzept, dat et esou hei bis dato nach net gouf. Op der enger Säit sollt dat Ganzt eng traditionell Aart a Weis bleiwen, fir Glacen ze maachen an ze presentéieren, zesumme mat ville séisse Leckereie wéi italieenesche Wafelen, Kuch an anere Spezialitéiten aus Italien. Op der anerer Säit wollt d'Patronne awer och ganz kloer regional an nohalteg sinn, natierlech a Kombinatioun mat de beschten Ingredienten aus der Groussregioun, fir eben "déi" perfekt Glace.
Ganz regional kënnt da beispillsweis ausschliisslech oder Mëllech aus Lëtzebuerg oder Schockela aus der Belsch an d'Glace, déi dann aus grousse, ronnen an zouenen Behälteren zerwéiert gëtt. Anescht wéi an übleche Geschäfter, gesäit een also d'Glace hei net duerch eng Vitrinn, ma se ass komplett zougedeckt, geschützt virun der Loft an der Hëtzt vu baussen. Genee sou, wéi dat iwwregens schonn an de 50er Joren an Italien komplett üblech war, erzielt si eis. Eng weider Zorte Glace, d'Crema Vespucci, gëtt da beispillsweis mat Lëtzebuerger Hunneg gemaach an zielt Momentan och zu de beléiftsten Zorten iwwerhaapt. Niewent de villen Eegekreatiounen bitt de Bargello awer natierlech och am Ganzen 12 "klassesch" Zorten un, wéi Vanill, Schockela, Äerdbier a sou weider.
Dem Laura Fontano ass et souwisou am wichtegsten, dass d'Leit eng gutt Erfarung hunn, wa se am Bargello eng Glace zerwéiert kréien a genéissen. Dozou gehéiert, niewent enger héichqualitativer Glace, och e gutt Personal an eng agreabel Plaz, wou een sech direkt wuel fillt a sech seng Bull (oder Bullen) ka schmaache loossen. Am Bargello mierkt een einfach, dass eng kloer Visioun hannert der beim Lëtzebuerger sou beléifter Glace steet. D'Laura ass der Meenung, dass Glace net just Dessert ass, mä vill méi ka sinn, an dat wëll si mat hirem Konzept weisen. Bei de Lëtzebuerger schéngt d'Iddi komplett opzegoen, d'Leit hu massiv fir de Gewënner Bargello vum Laura Fontano ofgestëmmt an kënnt domadder och verdéngt op déi 1. Plaz an eisem Ranking. Also en absolute Must fir Fans vun enger authentescher, exzellenter Glace, wéi een se praktesch just an Italie kritt.
Plaz 2: Bonomeria - Gelateria Artigianale
Ouverture vum Restaurant: 2014 (Merl) / 2022 (Bartreng)
Adress: 4 Rue Wurth-Paquet, 2737 Belair Luxembourg / 7 A Laangert, 8117 Bertrange
Kontakt: 26 45 98 05 / 26 38 93 64
Beléiftste Glace: Pistasch, vegan Pistasch ouni Zocker
2012 hat den Andrea Bonomi schonn d'Iddi vun engem eegene Glace-Geschäft, zwee Joer drop, also 2014 ass de Projet dunn effektiv scho Realitéit ginn an hien huet säi Geschäft zu Merl opgemaach. An hei huet de Patron eis erzielt, wier hien direkt mat Luef an Erfolleg belount ginn, d'Reaktioune vun de Leit ware vun Ufank u positiv gewiescht, säi Konzept vun der "Bonomeria" ass extreem gutt bei de Leit ukomm. En Dram-Start eben. An dach, gëtt den Andrea Bonomi zou, hätt et am Ufank e wéineg gedauert, bis wierklech eng gréisser Unzuel u Leit Wand vu senge Glace kritt huet.
De Grond läit ironescherweis am Konzept vum "Bonomeria" selwer: Et war dem Andrea nämlech vun Ufank un enorm wichteg, ebe grad keng grouss Reklamm fir de Shop ze maachen, mä sech méi op de Produit "Glace" ze konzentréieren an dass d'Leit an engem gemittlechen, heemleche Kader zerwéiert ginn an dëst einfach fir sech schwätzen ze loossen. No an no, iwwer Mond-Propaganda souzesoen, sinn ëmmer méi Leit awer gewuer ginn, wat fir gutt Glacen een am Bonomeria zu Merl kritt. Déi zefridde Clienten hu sech mat de Jore geheeft. Dobäi kënnt, dass hie säi Geschäft och net komplett am Zentrum vun der Stad huet, sou dass déi sougenannte "Laufkundschaft" éischter rar ass an een eng richteg Stammclientèle misst opbauen.
Virun allem seng Glacen ouni Zocker an déi vegan Variante géifen nei Leit unzéien, och vill Jonker, dat hat den Andrea Bonomi scho relativ fréi erkannt. Den Erfolleg gëtt dem Patron, deen d'Glace nach bis virun zwee Joer selwer all Dag zoubereet huet, ganz kloer Recht. Net nëmmen gëtt et zënter 2022 zu Bartreng en zweet Geschäft, wou selbstverständlech déi selwecht Glace nom selwechte Rezept ugebuede gëtt, ma an eisem Readers' Choice-Ranking hunn d'Clienten d'Bonomeria dann och däitlech op eng zweete Plaz gewielt.
Plaz 3: Café Veneziano
Ouverture vum Restaurant: Dezember 2024
Adress: 1 Pl. d'Armes, 1136 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 26 20 35 08
Beléiftste Glace: Vanill, Schockela, Stracciatella an Äerdbier
Et war definitiv rengen Zoufall, dass mer de Chef vum Café Veneziano , de Michael Frank a seng Fra an hirem Glace-Café op der Place d'Armes getraff hunn. A sech ass d'Koppel nämlech all Moie fir d'Zoubereedung vun de leckere Glacen zoustänneg, aus dem Verkaf hale si sech eraus. Ma op deem Dag, wéi RTL am Café Veneziano spontan op Besuch war, hat de Michael Frank awer einfach Loscht op, kloer, eng gutt Glace kritt. A sengem Fall natierlech seng eege Glace, selwergemaach, sou ze soen. "Ich liebe Eis, ich könnte jeden Tag drin baden", verréit hien eis.
De Café Veneziano gëtt et schonn zënter 1995, erzielt eis de Michael Frank bei senger Glace (iwwregens Schokela), dat bis 2011 an der Rue Philippe II. Dono, also am Joer 2012 ass de Glace-Café geplënnert, matten op d'Place d'Armes, enger vun de wuel bekanntste Plazen an der Stad, respektiv dem Land. Deemools wollt de Besëtzer vum Gebai iwwregens léiwer e Kleederbuttek do hunn, wéi dësen no engem Joer awer kee Preneur fonnt huet, huet en dunn awer dem Michael Frank säi Glace-Geschäft akzeptéiert.
De Michael Frank kënnt u sech och aus engem komplett anere berufflechen Eck, hie war Produktiounskoordinateur an engem grousse Pharma-Betrib. Säi Brudder ass dunn, och relativ ouni vill Erfarung, an d'Glace-Welt erageklommen. Nodeems dësen de Michael Frank jorelaang beaarbecht huet, ass hien dunn och mat erageklommen. Zu Venedeg huet en du bei de Profien a Course geléiert, wéi ee richteg gutt Glace mécht. "Speise-Eis ist ein Handwerk und wie alle anderen Handwerke auch, muss man erst lernen wie man es fabriziert", sou de Michael Frank. De Recht wier da "just" nach Kreativitéit. Ronn 40 Zorte Glacen, respektiv aner Séissegkeeten, déi mat Glacen ze dinn hunn, ginn et am Café Veneziano. De Choix vun de Glacen ass der Place d'Armes op alle Fall grouss. No 30 Joer am Glace-Geschäft a bei dëser Location matten an der Stad, dierft d'Clientèle wuel och net manner ginn.
Plaz 4: Gelateria Franky
Adress: 80 Rte de Longwy, 8060 Helfent Bertrange (City Concorde)
Kontakt: 45 22 66
Plaz 5: Confisserie Namur
Adress: 44 Av. de la Liberté, 1930 Gare Luxembourg
Kontakt: 49 39 64
Plaz 6: Eis Café Dolomiti
Adress: 81 Grand-Rue, 9051 Ettelbruck
Kontakt: 691 802 566
Plaz 7: Gelateria Valentino
Adress: 28 Quai de la Moselle, 5553 Remich
Kontakt: 27 07 59 50
Plaz 8: Fred's - Belgian Waffles & Ice Cream
Adress: 7 Av. du Rock'n'Roll, 4361 Esch-Belval Esch-sur-Alzette
Kontakt: 26 17 67 45
Plaz 9: Dolce - Gelateria & Caffetteria
Adress: 19 Grand-Rue, 1661 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 23 64 11 63
Plaz 10: Oberweis
Adress: 16 Grand-Rue, 1660 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 47 07 03