Landesuebstbauveräin mat kloren Doleancen un d'Politik
Fir d'Bierger an d'Politik ze sensibiliséieren, ass de Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin och dëst Joer nees um Tuer gewiescht.
Waasser bleift déi gréisste Suerg
"Waasser ass Liewen“, seet de Jean-Claude Muller, President vun den Uebstbaueren. An eben dëst Waasser feelt ëmmer méi dacks. Fir d’Betriber am Uebstbau ass den Zougang zu Waasser net ëmmer garantéiert. D'Baueren hunn an deem Kontext scho konkret Propositioune bei de Landwirtschafts- an Ëmweltministèren agereecht. Et geet ënner anerem dorëms, Reewaasser ze stockéieren oder am Wanter Flëss temporär unzapen ze kënnen, fir d’Reserven ze fëllen. Et geet net dorëms, am dréchene Summer d’Flëss ze belaaschten, mee clever mat de Ressourcen ëmzegoen, esou de Jean-Claude Muller.
Eng zweet grouss Erausfuerderung bleift d’Thema Manpower. D’Produktioun vu regionalem Uebst ass immens aarbechtsintensiv, mee et feelen d’Leit, déi dës Aarbecht kënnen a wëlle maachen. "Mir brauche vill Hänn, an déi mussen och disponibel sinn."
Eng besser politesch Ënnerstëtzung fir dës realitéitstrei Besoine wier also wichteg.
Bei lokaler Produktioun nach vill Loft no uewen
Trotz de villen Diskussiounen an de leschte Joren iwwer regional Liewensmëttelproduktioun ass nach "vill Loft no uewen“. Wärend am Geméisbau eppes virugeet, stagnéiert d’Situatioun am Uebstbau nach. Et ginn zwar aktuell Projeten, fir beispillsweis Zären ze notzen, wann dat ëmgesat gëtt, kéint dat en neie Schwong mat sech bréngen.
Klimawandel: Nei Méiglechkeeten, mee och Risiken
Wéi steet et mat Uebstzorten, déi mir hei nach net kennen? Wéi Orangen? Fir den Uebstbauer nach ëmmer eng Utopie.
Mee Aprikose kéinten an Zukunft realistesch sinn, do lafen éischt Pilotprojeten. Mam Klimawandel verännere sech d’Produktiounszonen ëmmer méi no Norden, och Lëtzebuerg kéint dovu profitéieren. Mee nëmmen, wann ee sech resilient an nohalteg opstellt.