De Coureur seng Spend geet u"Fondatioun Kriibs Krank Kanner". Wien huet hie wuel weider nominéiert?

Den Andy Schleck léisst elo och kaalt Waasser iwwert sech schëdden. Seng Nominatiounen: Säi Brudder de Frank Schleck, de Sportsminister Romain Schneider an den Dirk Bockel.

Och RTL mécht sech naass. Fir de gudden Zweck kippe si sech äiskaalt Waasser iwwert de Kapp. Vu wiem goufe si nominéiert? A wie wäert nach matmaachen? Mir hunn all d'Informatiounen!

Ugefaange beim Mariette Zenners dat vun de Jonge vun der 1. Equipe vun der Jeunesse Esch nominéiert gouf. Ënnert hire Nominatioune war och de Frank Götz an d'Lydia Mutsch.

VIDEO: Ice Bucket Challenge
Och zu Lëtzebuerg ukomm. Den "Ice Bucket Challenge".

De Frank huet natierlech matgemaach a krut um Enn vum Journal en Eemer Waasser iwwert de Kapp geschott.

VIDEO: Journal
D'Aktualitéit vum Dag, News a Sport, national an international

D'Lydia Mutsch huet och Courage bewisen, a sech dat äiskaalt Waasser iwwert de Kapp schëdde gelooss. Dat alles kënnt Dir den Owend am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg gesinn. Do dernieft sinn awer och nach Invitéen vun der Lëtzebuergescher ALS-Associatioun "Wäertvollt Liewen" an der Emissioun. De Jean-Marc Scheer Vize-President vun der Associatioun " Wäertvollt Liewen"  an deem seng Fra selwer vun ALS betraff ass, seet sech zefridden mat deem neien Hype.

VIDEO: ALS Ice Bucket Challenge
Hannert dëser lëschteger Aktioun stécht en eeschten Hannergedanken. Et geet drëms d'Leit fir d'ALS Krankheet ze sensibiliséieren an zu Spenden opzeruffen.

Ënnerstëtzen kann een d'Asbl mat engem Don op den IBAN LU25 0030 4824 3891 0000

Ma an elo ass och den Hoppen Théid designéiert  ginn. Vu wiem hien nominéiert gouf a wien hien auserwielt huet, gesitt Dir hei:

Den Hoppen Théid
Den Théid ass eisen treiste Spectateur. Hie weess ëmmer wat am Land leeft, a virun allem wat net leeft...

Bei den RTL-Sportsredakter maache se sech och fläisseg naass. De Franky Hippert gouf vum Georges Mischo, dem RTL-Schwammkorrespondent nominéiert.

VIDEO: Fränky Hippert - ALS Ice Bucket Challenge

Deen huet dunn de Jeff Kettenmeyer nominéiert

VIDEO: Jeff Kettenmeyer - ALS Ice Bucket Challenge

Aner lëtzebuergesch Personalitéiten hu sech natierlech och net laanscht hir Nominatioun gedréckt. Hei z.B. d'Marie Müller

VIDEO: Marie Müller - ALS Ice Bucket Challenge

D'Sylvia Camarda

De Raphaël Stacchiotti

De CIBETT- Centre d`Intervention Bettembourg

VIDEO: CIBETT - ALS Ice Bucket Challenge

Och vun der Famill Scheer nominéiert gouf den ALS-Spezialist Dr Martin Groß vun der Helios-Klinik. An och hien huet sech fir de gudden Zweck naass gemaach.

Dr Martin Groß
Icebucket-Challenge geet weider