Flugaustellung zu Hermeskeil
Kaffi a Kuch an enger Concorde oder de gréissten Helikopter vun der Welt gesinn? - Hei ass et méiglech!
Eng gutt Autostonn vu Lëtzebuerg fort ass eng Ausstellung ze entdecken, déi net nëmme fir d'Frënn vun der Fligerei interessant dierft sinn.
D'Flugaustellung zu Hermeskeil, sou den Numm vun der Expo, ass de gréisste Privatmusée an Däitschland wat d'Fligerei betrefft. Mëttlerweil gehéiert de Familljebetrib souguer zu de gréissten an Europa. D’Ouverture war de 7. Juli 1973. Konnt een deemools op engem Terrain vu 7.000 Quadratmeter „nëmmen“ een Helikopter a puer Utensilien aus der Fligerei fannen, sou sinn haut, also iwwer 40 Joer méi spéit, iwwer 115 Exponaten aus alle Richtungen aus der Loftfaart op gutt 80.000 Quadratmeter verdeelt.

© steve müller
Scho wann een aus Richtung Tréier kennt, kann e vu wäitem eng éischt aussergewéinlech Attraktioun entdecken: eng Kopie vun enger Concorde. An der Ausstellung ass de Super Fliger als Bistro-Café ëmgebaut ginn. Bestëmmt Grond genuch fir während der Visite eng kleng Paus anzeleeën an dobäi den aussergewéinleche Feeling, an enger Concorde däerfen ze sëtzen, ze genéissen.

© Steve Muller
Ee klengen Highlight fir déi kleng Visiteuren ass bestëmmt de bloen Helikopter Westland Scout, deen een direkt am Ufank dobaussen um Terrain fanne kann. Mat dem Steierknëppel an der Hand a vum Fléien dreemen däerf hei erlaabt sinn. Fir d'Eltere sollt et awer net einfach ginn, hire Pilot erëm aus deem senger himmelbloer Welt erauszekréien. Eng flott Idee soll och d'Méiglechkeet sinn, fir an déi verschiddenst Fliger mat Hëllef vun Trapen a Leederen eranzeklammen oder och ganz no drun ze kommen. Sou zum Beispill och an ee Fliger, deen däitsch Geschicht geschriwwen huet an elo am Hunsrück doheem ass. Mat der Lockheed L-1049G Super-Constellation vun der Lufthansa huet de Bundeskanzler Adenauer 1955 déi lescht russesch Krichsgefaangener erëm heemgeholl. D’Conny, wéi de Spëtznumm vum Fliger ass, ass elo ee vun de wichtegste Mëttelpunkte vun der Ausstellung hei am schéinen Hunsrück.
An der Ausstellung selwer fënnt ee Fligeren aus der ziviller an der militärescher Aviatioun.Sou kann ee Modeller wéi eng JU52 oder eng russesch MIG 23 entdecken. Och grouss Passagéierfliger wéi eng VC 10 aus Abu Dhabi oder aus Jordanien eng DC sinn hei ze fannen. Ee weideren Highlight ass d'MIL-MI 6 aus Russland, de gréissten Helikopter vun der Welt, 80 Mann Besatzung an 20 Tonnen däerf de Gigant vum Himmel elo net méi transportéieren.

© steve müller
Fir d'Frënn vun der Fligerei ass déi flott an aussergewéinlech Ausstellung ee Muss, och well de Musée praktesch virun eiser Hausdier läit. De séierste Wee wann een aus dem Grand-Duché wëll kommen ass iwwer Tréier, dat op der A1. No der Sortie Hermeskeil kritt ee schonn op de Panneauen de Wee gewisen. Gesitt der dann iergendwann eng Concorde..... da sidd Dir gutt a sécher gelant!
D'Diere si vum 1.4. bis den 1.11. op. Auerzäite sinn 10 bis 17 Auer. Erwuesse Léit bezuelen 9 Euro, d’Kanner 5 Euro.
Fir Gedrénks an Iessen ass gesuergt, dat wéi schonn hei beschriwwen am impressionnante Café-Concorde. A sollt een nach net genuch hu vun interessante Saache kucken, da kann ee beim Mini-Trip zu Hermeskeil och nach den Dampflokmuseum oder de Feuerwehrmuseum mat aplangen. Ze kucke gëtt et hei genuch.
Vill Spaass a Ready to take off !