Bastida, Camping, Domaine, Gîte, Maison d'hôtes, Mas - am Hexagon bidden och Lëtzebuerger eng Partie flott Iwwernuechtungsméiglechkeeten un ...

Nach net decidéiert, wuer et am Summer soll an d'Vakanz? Vläicht ass jo hei eppes derbäi! Bei esou Temperaturen (an elo och nach Glëtz!) ass Frankräich natierlech eng flott Optioun - an do hu sech och eng Rëtsch Lëtzebuerger fir ëmmer néiergelooss ... an déi empfänken an hirem neien Domizil och Gäscht. Och där aus der aler Heemecht :-)

Hei eng kleng Auswiel, wann Dir nach Proposen hutt, mir si Preneur!

A well mer vun Iech zwou Propose gemailt kritt hunn, fänke mer direkt domadder un:

À la vie douce

Beim Corine Albert zu Vidouze am Département des Hautes-Pyrénées huet een d'Méiglechkeet, an enger Chambre d'hôtes oder an hirem neie Gîte ze iwwernuechten. Vu Vidouze ass et ronn eng Stonn bis op Pau oder Lourdes an et läit um Pilgerwee fir op Compostella.

La Belle Endormie zu La Liquière / Cabrerolles

Eng Adress vum Jean-Paul Badu, déi um Internetsite wonnerschéin ausgesäit! De Jean-Paul Badu beschreift si a sech selwer esou: "Je vous propose mon adresse dans le Languedoc, plus précisément dans le Faugeres non loin de Béziers. Restaurateur luxembourgeois au Luxembourg je pars refaire ma vie en France."

RTL

De Jean-Paul Badu / © https://www.la-belle-endormie.com/la-petite-histoire

Hei drënner déi 5 Adressen, déi mer vun Ufank un am Artikel haten:

1) La Bastida de Beata zu Noailles

An der Géigend vun Albi (bei Toulouse) oder och nach vu Cordes-sur-Ciel empfänkt d'Koppel Beata a Léon Hamus ... an engem butzegen Duerf, direkt nieft der Kierch, wou een an engem Niewegebai mat groussem Gaart ënnerkomme kann - an dann z.B. zesummen an enger oppener Scheier iesse kann ... Avis aux amateurs, och wann et bis dohin e bësse méi wäit ass wéi an d'Provence, ma och dës Regioun huet hire Reiz - eleng Cordes-sur-Ciel ass super!

2) Camping La Magerie sur La Roche sur Grane

Eppes opgeriicht hunn d'Pierrette an de Roger an d'Saskia an den Dirk op dëser Plaz an der Drôme: E ganz beléifte Camping, e puer Zëmmeren, eng super Plaz fir ze iessen an eng gemittlech Kichen ... De Rosch Bohler war iwwregens och eemol Éischtgewielte bei Gemengewahlen a Frankräich!

UPDATE: Den Dirk ass am Gaang, en neie Sanitär um Camping anzeriichten an de Camping vu 35 op 60 Plazen ze vergréisseren ... Motto: Celui qui n'avance pas recule!

3) Domaine de la Tour zu Salavas

Fir Frënn vun der Ardèche: De Gilbert an d'Juliette Grosbusch-Barth hunn den Domaine de la Tour mat Appartementer a Studioen zu Salavas (2 km vu Vallon Pont d'Arc).

RTL

4) Gîte "Le Petit Poinville" zu Combleux

Direkt nieft Orléans, op Combleux, huet et d'Architektin Malou Schmit hi verschloen. De Gîte, vun de Schwéierleit, läit direkt un der Loire ...

RTL

5) Mas de L'Adret - Maison d'hôtes zu La Roche-Saint-Secret

VIDEO: Reportage: en neit Liewen an der Provence
Bierger, Lavendel, Natur a gudd Iessen.

2016 hunn de Patrick an d'Françoise Meisch hir Maison d'hôtes (Mas de l'Adret) an der Provence, méi genee zu La Roche Saint-Secret, opgemaach. Domat huet d'Koppel sech een Dram erfëllt. D'Maison d'hôtes läit isoléiert an de Bierger vun der Provence (Drôme), mat enger Vue op Lavendelfelder. Et ass net wäit bis op Grignan, Dieulefit an Nyons.

Dës kleng Lëscht ass natierlech net komplett - wann Dir nach Plaze vu Lëtzebuerger a Frankräich kennt, schreift eis w.e.g.! (An der Géigend vum Ventoux gouf et och nach schéi Plazen, ze buche kritt een déi aktuell eisen Informatiounen no awer net.)