Et ass net wäit bis dohin, dat ass vu Virdeel. Ma ass dat net vläit och de Grond, datt ee se dacks lénks leie léisst?

Rieds geet vun de Bierger oder éischter Koppen am Süde vun der Lorraine, direkt nieft dem Elsace, vis-à-vis vum Schwarzwald an Däitschland an nach iwwer dem Jura an den Alpen am Süden. Vläit mat Ausnam vu Gérardmer a La Bresse an och nach Epinal (um peagefräie Wee an d'Schwäiz) gi si dacks ignoréiert. Zu Onrecht, well déi kleng Vogesen hu scho Charme!

Aus der Mongolei ...

"Hutt Dir Luuchten derbäi?" Déi éischt Fro vum Mann, deen deen "originelle Camping" zu Ferdrupt geréiert, huet iwwerrascht - war awer ganz berechtegt! Nieft deem klenge Séi stinn nämlech e puer ronn mongolesch Zelter, Yourtë genannt. Déi wiere souguer mat Material aus der Mongolei gebaut ginn, esou de Proprietaire, dee méi dacks op Ulan Bator flitt.

Luuchte sinn an deene Yourten net vu Muttwëll, well et gëtt dora kee Stroum. Also och kee Wifi, keng Heizung an och kee Waasser. Dofir awer nawell vill Plaz ... Och fir en Uewen, mat deem een et sech schuckeleg waarm maache kann, a fir vill kleng Käerzen, fir awer e bësse Luucht ze hunn. An e klengt Haische mat Toilette a Lavabo gëtt et am Agang vum Camping och. An de Kaffi mat Baguette a Croissant kritt ee moies an engem Kierfche bei seng Häip bruecht. Kee Luxus, dofir awer en Depaysement garanti. "Entschleunigung" matten an de Vogesen.

RTL

Aus der Mongolei alias "Domaine des Planesses" ass et just e Kazesprong bis op Beulotte-Saint-Laurent, wou et flott Trëppeltier ginn. Zum Beispill ee vun 10 Kilometer, dee sech do nennt: "Sentier de découverte du Plateau des Mille étangs".

Et geet effektiv laanscht ganz vill butzeg kleng Weieren, déi een, am Hierscht mat de faarwege Beem ronderëm a wann d'Sonn um Himmel schéngt, richteg verzaubere kënnen. Fir den Trëppeltour brauch een - en famille - gutt a gär dräi an eng hallef Stonn: Et geet vill biergop a biergof, dacks sinn d'Weeër schmuel oder et leie Steng dran oder si voller Bulli. Dofir bidde se ganz vill Ofwiesselung! Just vläit am Virfeld informéieren, wéi wäit et ass, wéi laang een dofir ongeféier brauch an dann och deementspriechend Proviant mathuelen - dat evitéiert, datt d'Begleeder nervös ginn ...

Beulotte läit iwwregens ewell an der Haute-Saône (Regioun Franche-Comté). An de Südvogesen gëtt et quasi e Carrefour vun Departementer.

... bei d'Musel ...

Hannescht an den Département des Vosges an zwar op Bussang. Ronderëm d'Duerf kann et bis 1200 Meter eropgoen.

Am Col de Bussang op 715 Meter Héicht entspréngt dee gréisste Lëtzebuerger Floss - d'Musel. Eng butzeg Baach ass si bei hirer Gebuert. D'Quell ass gefaasst an näischt géif op dat hindeiten, wat de Floss nach alles viru sech huet op senger Ree an de Rhäin - esou kleng ass alles. Ma fir datt dat awer net vergiess gëtt, ass de ganze Musellaf op der Quell a Steen gravéiert an et ass esouguer en Zitat do ze liese vum réimeschen Dichter Ausone.

544 Kilometer ass d'Musel laang - vu Bussang op Koblenz, via de Grand-Duché. "Wou d'Musel entspréngt, dat ass schonn impressionnant ze gesinn." Wa mech net alles täuscht, hat mer dat eemol e Schoulmeeschter oder e Prof gesot. Ech weess net firwat, ma als Kand oder Teenager hat ech mer en décke Waasserfall virgestallt. Bon, dat war also näischt. Trotzdem war d'Source impressionnant. Impressionnant well esou kleng.

RTL

Esou kleng ass Musel, wa se op d'Welt kënnt ...

... a weider op e Ballon!

Vum Klengen da bei dat Grousst oder Héicht an zwar erop op de Ballon d'Alsace, och nach Elsässer Belchen genannt. 1.247 Meter ass d'Kopp héich. 3 franséisch Regiounen treffe sech hei am Süde vun de Vogesen: Alsace, Lorraine a Franche-Comté. De Sommet deele sech souguer 4 Gemengen aus 4 Departementer:

- Sewen (Haut-Rhin, Elsass);
- Saint-Maurice-sur-Moselle (Vosges, Loutrengen);
- Plancher-les-Mines (Haute-Saône, Franche-Comté);
- Lepuix (Territoire-de-Belfort, Franche-Comté).

RTL

Op de Ballon d'Alsace féiert z.B. eng gutt ausgebaute Strooss vu Saint-Maurice-sur-Moselle, engem Nopeschduerf vu Bussang. Uewen huet een e flotte Panoramabléck op d'Ëmgéigend.

Den Elsässer Belchen war iwwregens den 10. Juli 1905 och d'Zil vun der éischter Biergetapp am Tour de France. Just de Georges Passerieu huet et erop gepackt, ouni vum Vëlo ze klammen. 100 Joer drop, 2005, gouf de Ballon an der 9. Etapp nach eemol gemeeschtert, fir un den Anniversaire z'erënneren.

De Vëlosport, ma och aner Sportaarten (Schi, Paragliding, Wanderen ...) ginn an der Regioun grouss geschriwwen. Allerdéngs gehéiert d'Regioun och zu deene mam meeschte Reen a Frankräich ...

Den héchste Bierg vun de Vogesen ass iwwregens de Grand Ballon d'Alsace, Großer Belchen, deen eng 50 Kilometer méi wäit ëstlech läit - eng gutt Stonn kann een arechnen.

An iwwerall kann een et sech gutt goe loossen: zum Beispill mat Tarte-flambéeën a Pinot noir aus dem Elsass, mat Mirabellen a Quichen aus dem Loutrengeschen oder mat Myrtillen, also Molbieren, aus de Vogesen ...

Heiansdo läit dat Gutt eben einfach no :-)

RTL