Mat de Schlittenhënn duerch Lappland
De Lëtzebuerger Raphaël Fiegen mécht sech mat sengen 10 Muppen, dem Rewilding Coach Bert Poffé an dem Romain Gierenz, Cineast, op de Wee.
Et soll eng grouss Aventure fir de jonke Lëtzebuerger Raphaël Fiegen ginn.
500 Kilometer stinn a Lappland, Schweden, um Programm. Lassgaang ass et den 18. Februar zu Lëtzebuerg. Den 22. Februar ass zu Hemavan den offizielle Start vun der Expeditioun. Déi geet op Abisko, wou de Raphaël Fiegen a seng Begleeder wuel ëm den 11. Mäerz wäerten ukommen.
Zesumme mam Belsch Bert Poffé, e Rewilding Coach an Abenteurer, a sengen 10 Muppen, mécht sech de Raphaël Fiegen op dës Aventure. Fir de jonke Lëtzebuerger ass et net déi éischte Kéier, datt hien a Lapland mat de Schlittenhënn ënnerwee ass, mä hien hat nach ni eng Streck vu 500 Kilometer viru sech. Dofir ass Training och ganz wichteg fir dës Aventure.
Begleet ginn déi Zwee vum Cineast Romain Gierenz, deen en Dokumentarfilm mam Titel "op 40 Patten" iwwer d'Expeditioun dréint.
D'Expeditioun gëtt eng richteg Erausfuerderung fir Mënsch, Material a Mupp. D'Muppen, déi sech an der Keelt an am Schnéi richteg wuel fillen, hunn e schwéiere Schlitt ze zéien. Net nëmme sinn 2 Persounen u Bord, mä och Material, Iessen an hir Zelter, wou all Owend dra geschlof gëtt.
Vill Zäit ass déi leschte Wochen a Méint dropgaangen, fir sech ideal op Lappland virzebereeden. Nieft dem Training mat de Muppen, hunn och aner Übunge misste gemaach ginn. Sou muss all Handgrëff beim Opriichte vum Zelt perfekt sëtzen, fir datt et och am Noutfall séier steet.
Ween ass de Raphaël Fiegen?
Zanter iwwer 10 Joer beschäftegt sech de Lëtzebuerger mat Schlittenhënn an huet och scho verschidden, méi kuerz, Expeditiounen hannert sech. Fir säin Hobby an och den Ëmgang an d'Léift zu senge Muppen ze weisen, huet hien decidéiert, sech bei dëser Expeditioun vun engem Cineast begleeden ze loossen. Donieft kann hien och e Problemer, wéi de Klimawandel, an op déi alternativ Aart fir ze liewen opmierksam ze maachen.
De Bert Poffé
Speziell interesséiert ass de Bert Poffé um Norden an de Leit, déi do liewen an zanter éiweg gelieft hunn. Dowéinst war hien och laang Zäit a Kanada ënnerwee, wou hien op déi indigene Bevëlkerung getraff ass.
De Romain Gierenz
Zu Stuttgart huet hie Film a Mediendesign studéiert an huet mat "The Cuddly Toy" och schonn e Film an de Kino bruecht. E puer Joer war hien an der Publicitéit aktiv, éier hien decidéiert huet, sech nach just op Film an Dokumentatiounen ze konzentréieren.
Weider ass de Romain Fiegen fir d'Press an d'Logistik zoustänneg an den Alex Gierenz schafft als Produzent vun der Doku.
Presentatioun vun de Muppen
Bei 40 Patten sinn 10 Muppen mat um Start, déi vill zum Succès vun der Expeditioun bäidroen. De Raphaël Fiegen vertraut do awer net nëmmen op eng Rass vu Mupp, mä huet nieft de Malamutten och ostsibiresch Laikaen a Grönländer op der Expeditioun dobäi.
D'Chill war den éischte Mupp vum Raphaël Fiegen. Déi 9 Joer al Malamute Mudder ass d'Cheffin vum Ruddel an huet dowéinst eng wichteg Roll op der Expeditioun.
Kuerz nom Chill koum de Faruk dobäi, och an Alaskan Malamut. Hien ass den Déckkapp an der Equipe, dee gär mol mam Kapp duerch de Bam wëll goen.
D'Ikuma ass als Leitmupp de wichtegsten Hond am Gespann. Ouni déi 6 Joer al Grönländerin wier d'Expeditioun net méiglech.
Wéi seng Schwëster Ikuma ass och d'Iki e ganz intelligente Mupp, deen awer léiwer Dommheete mécht, wéi aner Saachen. Dofir kann hatt och net, wéi all seng Kollege fräi ronderëm lafen.
Mat 9 Joer ass d'Kila ee vun den dräi eelste Muppen op der Expeditioun. Obwuel hat net sou mat Leithond eens gëtt, ass op hat awer ëmmer verlooss.
De Yuma ass dem Kila säi Brudder an dem Faruk säin Hallefbrudder. Den Alaskan Malamute ka kenger Méck eppes doen.
De Magic ronnt dann den "Alterstrio" of. Mat 4 Joer gouf den ostsibiresche Laika vum Raphaël Fiegen adoptéiert. D'Laikae sinn eng Mëschung tëscht Juegt a Schlittenhond an de Raphaël Fiegen ass just den zweete Musher an Europa, deen mat dëse Muppe schafft.
E ganz unhängleche Mupp ass d'Alfa, deen awer net gutt mat schwierege Situatioune kann ëmgoen. Dowéinst konnt et net méi als Leithond agesat ginn.
Dowéinst ass de Kenai an der Ausbildung, fir Leithond ze ginn. De Raphaël Fiegen hat hien 2014 bei senger leschter Expeditioun aus Lappland matbruecht.
Dat Jéngst op der Expeditioun ass d'Nayeli, dat während der Expeditioun seng 2 Joer kritt.
Esou gesäit dann d'Opstellung vun der Equipe aus, déi op d'Expeditioun wäert goen.
Geforen op der Rees
A Lappland ass de Risiko do, datt een an e Schnéistuerm geréit. Dofir ass et ganz wichteg, datt een en Zelt séier an en enger sécherer Zon kann opriichten. Weider liewen och vill wëll Déieren an der Regioun, sou datt een mol op en Elch kann treffen. Huet d'Elchkou dann och e Kallef dobäi, ka si ganz aggressiv reagéieren.
Fir sech géint Schnéiblannheet ze schützen, brauch een op der Rees e gudde Sonnebrëll an och waarm Kleeder si ganz wichteg, well et nuets mol bis zu -30 Grad kal ka ginn. Am Dag léien d'Temperaturen bei ongeféier -11 Grad, eng gutt Temperatur fir d'Schlittenhënn.
De Klimawandel kéint dann och nach en Deel dozou bäidroen, well et op der Rees net ze waarm dierf ginn. E groussen Deel vun der Pist féiert iwwer Flëss, déi zougefruer sinn. Sollten déi net méi ze befuere sinn, misst d'Expeditioun ofgebrach ginn.
Wéi kann een d'Expeditioun materliewen?
Iwwer en Tracker op Spot, dee während der Expeditioun aktiv ass, kann ee gesinn, wou d'Expeditioun aktuell drun ass. An all Mëttwoch kann een de Raphaël live um Radio héieren, wann hien en kuerze Feedback bei Greis/Valerius gëtt.
Méi Informatioune fannt dir op der Facebooksäit vun "op 40 Patten"