Fuerscher hunn zu Jerusalem eng permanent Siidlung entdeckt, déi wuel nach aus der Koffersteenzäit staamt an iwwer 7.000 Joer al ass.

Dës Entdeckung gouf duerch Zoufall bei Stroossenaarbechten am Staddeel Schuafat gemaach, dat huet de Ministère fir Altertumsfuerschung, IAA, matgedeelt. Et huet ee Maueren an e Buedem, dee gutt erhalen ass, vun zwee Wunnhaiser fonnt, donieft nach Schosselen aus Toun an Aarbechtsgeschir. Alles Saachen, déi een aus der Koffersteenzäit kennt.

Bis elo huet een an der Géigend vu Jerusalem zwar scho mënschlech Iwwerreschter fonnt, mä bis elo nach ni en Duerf. Archäologen hunn ëmmer geschätzt, datt op engem wichtege Wee tëscht Doudegem Mier an dem Mëttelmier hätt misste fest Siidlunge ginn, bis viru kuerzem gouf awer näischt fonnt.

Dat eelsten Dokument, wat ee fonnt hat, war eng Schrëft vun de Jebusiten, déi viru ronn 5.000 Joer d'Stad Jebus gegrënnt hunn, op där Plaz, wou haut Jerusalem ass.