Op 40 Patten
Éischt kleng Schwieregkeeten op der Rees
Déi éischt zwee Deeg waren haart fir de Raphaël Fiegen, seng Muppen a Begleeder.
Wéi hien iwwer Facebook matdeelt, ass een net esou gutt weider komm, wéi geplangt. De ville Wand huet engem e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. An enger klenger Hütt, déi ee fonnt huet, kann ee sech elo opwiermen an déi nächst Etappe plangen.
Weider Informatiounen um Facebook an de Livetraker op findmespot.com
Um Mëttwoch gouf et och Problemer mat der Verbindung beim Raphaël Fiegen a Lappland. Dowéinst konnt hie sech net, esou wéi et geplangt war, bei Greis/Valerius eng Kéier Live era mellen.
Am meeschte gelies