Expeditioun huet leider missten ofgebrach ginn
Et war eng Woch mat ville Problemer. Fir d'Liewe vun de Muppen net ze riskéieren, gouf no enger Woch d'Decisioun geholl, fir d'Expeditioun ofzebriechen.
Et war eng haart Woch vir Mënsch a Muppen, wou vill Schwieregkeeten a Problemer op si gewaart hunn. De Raphaël Fiegen huet e puer méi al Muppen a sengem Gespann, déi vill hu misste schaffen, fir déi Schwieregkeeten ze iwwerwannen. Dat huet d'Déieren un hir Limitte bruecht. Fir hir Gesondheet an hiert d'Liewen net a Gefor ze bréngen, huet de Musher decidéiert, fir d'Expeditioun ofzebriechen.
D'Liewe vu sengen Déieren ass dem Raphaël Fiegen méi wäert, wéi datt hien déi ugesate 500 Kilometer hannert sech bréngt. Si sinn nees beim Auto ukomm a si maache sech an den nächsten Deeg op den Heemwee.
Hie seet de Leit awer all Merci, déi si ënnerstëtzt hunn an och vill léif Commentairen um Facebook hannerlooss hunn.
Weider Informatiounen um Facebook.