Camp Nou, d'Heemecht vum FC Barcelona
Mat 99.354 Plaze, de gréisste Footballstadion an Europa! De Steve Muller huet sech e Bild dovu gemaach.
Als éischt mol eng gutt Noriicht, de Camp Nou gëtt moderniséiert. De Star-Architekt Norman Foster huet den Optrag fir dëse Prestigeprojet kritt an däerf mat engem geplangte Budget vu 420 Milliounen Euro de Stadion bis op 105.000 Plazen ausbauen. Och d'Tribüne sollen alleguer iwwerdaacht ginn. 2021 misst alles fäerdeg sinn. Duerch dës grouss Investitioun wäert et dann zu engem Wiessel vum Stadionnumm kommen. De Haaptsponsor vum FC Barcelona, dee sech un den Onkäschte bedeelegt, däerf sech doriwwer freeën.

Barça:"Més que un club" (méi wéi ee Club)
De Camp Nou, iwwersat "Neit Feld", ass de 24. September 1957 mam Footballsmatch FC Barcelona géint Legia Warschau als renge Footballstadion ageweit ginn. Bis 2000 war "Estadi del Futbol Club Barcelona" den offiziellen Numm. De Stadion steet am Quartier "Les Corts ".

2009 huet Barcelona all méigleche Pokal gewonn: Copa del Rey, Liga, Champions League, spuenesche Supercup,europäesche Supercup an d`Klubweltmeeschterschaft.
Dëse spuenesche Footballtempel kann een an enger flotter Tour besichen. Dëst Erliefnes gëtt vun de Responsabelen "Camp Nou Experience" genannt. 2014 huet de Musée 1.530.484 Visiteure gezielt an ass domat de meescht besichte Musée a ganz Katalonien. Dat selwecht Joer gouf iwwregens den 30. Anniversaire gefeiert.

Sou soll de neie Stadion 2021 ausgesinn. Duerch ee Referendum bäi de Clubmemberen, huet de Projet 2014 säin Ok kritt. De Numm alleng, "Nou Camp" wärt et dann net méi ginn.
De Musée ass opgebaut op 3 Etagen. Direkt am Ufank geet een op eng Zäitrees vum Veräin, wichteg Informatioune kritt een hei mat vill Multimedia servéiert. Presidenten,Trainer a aner wichteg Personnagen aus der Geschicht vum Veräin hunn hei hir eege Plaz reservéiert kritt, grad sou wéi de "Messi Space", deen Eck, wou een ënnerenaner dem argentinesche Superstar seng 5 "Ballon d'or" a seng 3 gëlle Schung hannert dem Glas bewonnere kann. De gewonnenen Champions League Pokal aus der leschter Footballsaison ass ausgestallt, grad sou wéi aner flott Beweisstécker vun der erfollegräichster Footballsequipe aus de leschte Joeren.

4x hunn d`Katalane d`Champions League gewonne!
No dëser impressionanter a interessanter Ausstellung, an engem éischte Bléck an de Stadion, geet et erof an d'Mixedzone, do wou d'Press op d'Spiller no engem Match waarden däerf. Um Wee fir eraus kann een dann d'Vestiaire besichen, leider awer net déi vum Star-Ensemble selwer. Raus aus der Gäschtekabinn, duerch de Spillertunnel, dann den Héichpunkt vun der Tour: de Banneraum vum Camp Nou, also d'Spillfeld vum Veräin, do wou Messi a co. fir vill Geld dem Ball nolafen däerfen.

Spillertunnel: Maradona,Figo,Laudrup,Lineker,Cruyff,Guardiola,Henry,Deco,Romario,Ronaldo a nach vill aner Legenden sinn hei fir de spuenesche Traditiounsclub duerchgelaf.
No dësem emotionelle Moment muss een da laanscht d'Haapttribün erop zeréck an de Stadion. Ganz uewen dann, no engem klenge sportlechen Challenge, däerf ee sech Plaz an der Kommentatorekabinn huelen a vun enger flotter Vue an de Stadion profitéieren. Um Enn vu dëser Tour, dann natierlech déi obligatoresch Sortie duerch de Megastore, do wou ee Fanartikele vum spueneschem Footballveräin fënnt a kafe soll. Ausserdeem kritt een am Passage dobaussen virum Stadion d'Méiglechkeet, Footballticketen fir de nächsten Heemmatch ze kafen.

El Clásico: De Top Highlight am Nou Camp: de Match zwëschen Barcelona a Real Madrid / © FC Barcelona
Als Footballfan soll oder kann een de Camp Nou besichen, mat 23 Euro ass et net grad bëlleg, Kanner vu 6-13 Joer musse souguer nach 18 Euro bezuelen. Mat der Metro (Linne 3 a 5 ) kann ee sech op de Wee dohi maachen, och de Sightseeingbus bleift virun der Entrée stoen.