A 5 Deeler erzielt eis de Raphaël Fiegen iwwer déi grouss Aventure vun him a sengen 10 Muppen, déi si am Februar an am Mäerz dëst Joer a Lappland haten.

Eng Expeditioun, déi sech iwwert e puer Wochen ausdeent, kann a soll ee virun allem net iwwert den Knéi briechen. Eng gutt Preparatioun ass den A an 0 vun esou enger Aventure. Dozou gehéiert als éischt sech selwer eng Erfahrung unzeeegenen, wëssen, wou ee gutt dran ass an wou een nach leiere muss. Nach méi wichteg ass ze wëssen, wéiee moralesch ass, wann een eng Zäit dobaussen ënnerwee ass, wäit ewech vun der Zivilisatioun. Dat Schwéierst ass erauszefannen, wéieen an extremen oder Nout-an Stresssituatioune reagéiert.

RTL

© Raphaël Fiegen

Fir en Abenteurer sinn dës Punkten dat elementarescht, fir e Musher ( Schlittenhënn-Féirer) kennt dann nach eng Kéier dës wichteg Informatioune bei all vu sengen eenzelnen Hënn dobäi. E Musher ass sou eppes wéi en Trainer vun enger Footballsequipe, hie muss seng Hënn perfekt kennen, vun all Hond seng Stäerkten, esou wéi seng Schwächten, doniewent muss en erausfannen, wee mat weem am léifsten niewentenee leeft.

RTL

© Raphaël Fiegen

Chill, wat d'Rudelcheffin ass, kann ech zum Beispill net als Leithond benotzen, well et ënnerwee gäre markéiert, well hat huet Problemer e reegelméissegen Tempo unzeginn. Dofir huet d'Ikuma des Stäerkten, wouduerch hat och mäin Haaptleithond ass, an de Kenai, ee vu menge Jéngsten, gëtt vun him ugeléiert. Am Gespaan sinn ech déi ganzen Zäiten a Kontakt mat menge Leithënn, ouni si kéint ech ni sou een Abenteuer an Ugrëff huelen.

RTL

© Raphaël Fiegen

Hir Roll ass net nëmmen Tempo unzeginn, mä och d'Kommandoen, déi ech hinnen ginn, schnell an präzis auszeféieren, awer och Eegeninitiative ze weisen, ech gesinn mech nämlech net als hire Chef, mä als eng Vertrauenspersoun. Ech muss hinne vertrauen a si mir, wa mir zum Beispill iwwert Eis fueren soen ech näischt méi, mä loosse si eis driwwer bréngen, si spieren vill besser, wou se driwwer kommen an wou net, ewéi ech.

RTL

© Raphaël Fiegen

Fir d'Kungsleden Dogsled Expedition stoung iwwert ee Joer spezifesch Preparatioun um Programm. Als éischt war den Itineraire op den topographesche Kaarten rausfannen a markéieren, anschliessend an deenen eenzelne Regiounen/Gemengen nofroen, ob een Autorisatioune bréicht an engems freet een, fir esouvill Informatiounen iwwert de Wee a Regioun ze kréien, wéi et geet, vu Schneikonditiounen, weider, méiglech Hütten iwwert wéi eng Déieren a wéi vill sech do ophalen.

RTL

© Raphaël Fiegen

Ouni e speziell op meng Hënn ugepassten Training wier eng Expeditioun mat där Unzuel vun Kilometere guer net méiglech. Am August geet den Training lass, dann ass hir 3 Méint laang Summerpaus eriwwer, déi éischt Zäit gëtt 3 Mol d'Woch op 2 bis 3 Kilometer trainéiert, wat da mat der Zäit a mam eroffale vu der Temperatur bis Januar op 5 Mol d'Woch op 30 Kilometer. Déi éischt Méint, bis Oktober, ass mäi Muskelopbau um Programm, wou d'Hënn da méi schwéier mussen zeien duerno gëtt Gewiicht hannert hinnen ëmmer méi liicht, fir d'Schnellegkeet och ze trainéieren, anschliessend Ausdauer.

RTL

© Raphaël Fiegen

Säit 10 Joer beschäftegen a trainéieren ech elo meng Schlittenhënn reegelméisseg, dofir wousst ech engersäits, wéi ech meng “Athleten” op eng Expeditioun virbereede muss, mä anerersäits wousst ech och, dass dës Expeditioun fir e gudden Deel vu mengen Hënn déi Lescht wäert sinn, dofir ass mär d'Iddi an de Kapp komm, fir d'Expeditioun ze dokumentéieren. Mam Romain GIERENZ hunn ech do den ideale Filmregisseur fonnt, zesummen hu mär eis dunn un d'Aarbecht gemaach, fir dës Expeditioun op Biller festzehalen an domadder zu enger spezieller an onvergiesslecher Aventure ze maachen.

RTL

© Raphaël Fiegen