A 5 Deeler erzielt eis de Raphaël Fiegen iwwer déi grouss Aventure vun him a sengen 10 Muppen, déi si am Februar an am Mäerz dëst Joer a Lappland haten.

Wéiee sech sécherlech virstelle kann, ass eng Autofahrt vun 3.000 Kilometer schonn en Abenteuer fir sech, mä wann een dann nach 10 Hënn dobäi huet, muss nach eng ganz aner Logistik dohannert stiechen, fir dass jiddereen gesonnt a monter och um Polarkrees ukënnt.

Déi ganz Streck muss ee wéi eng Expeditioun gesinn, dat heescht se an Etappen opdeelen, deen éischten Dag starten mär zu Esch mat mengem speziell fir d'Hënn ëmgebautene Pick-Up. Owes ass Ziel, fir op engem Camping op enger dänescher Insel unzekommen, déi ongeféier 900 Kilometer vun Lëtzebuerg ewech ass. Niewent dem fléissende Waasser op deem Camping ass déi wonnerschéin Landschaft niewent dem Mier d'Haaptargument, fir ëmmer erëm op dee Camping zeréckzegoen.

RTL

© Raphaël Fiegen

Deen zweeten Dag ass wuel deen ustrengendsten Dag vun deenen 3. Do fueren mär ongeféier 1.300 Kilometer iwwert monoton Autobunnen, bis 500km nërdlech vun Stockholm.

RTL

© Raphaël Fiegen

Déi meescht Leit mengen ëmmer, dass een oft a laang Pause mat den Hënn misst maachen. Gottseidank ass dat net den Fall, dëst aus verschiddene Grënn. Vu Jonkem u sinn ech oft mat mengen Hënn ënnerwee doduerch kenne si hir Këscht. Während der Fahrt kréie se am Dag just e bëssen ze drénken, fir net ze dehydratéierten, mä owes an iwwert Nuecht kënne se souvill drénken, wéi se wëllen, wou Owes während dem Iesse se vill Waasser an hire Gamellen hunn. En anere wichtege Grond ass, dass ee meng Hënn duerch déi Joren, wou mir schonn ënnerwee si ganz genee wëssen, wa se um Stake-Out (en Stohlend-Seel wou 10 T-Stecker fortginn, fir all Mupp um Halsband dorunner festzemaachen) kommen, hir “Besoinen“ direkt zemaachen.

RTL

© Raphaël Fiegen

Dee leschte Dag geet et dann an déi onvergiesslech an phänomenal Landschaft vun Nordschweden eran. Als éischt duerch “Jämtland”, wat bekannt ass fir hier Schilaanglafgebidder, wéi Oestersünd, fir dann duerno a Lappland eranzefueren. Wou een oft vu Rendéieren an Elchen begréisst geet, och wann déi net gären vun der Strooss réckelen, dann heescht et waarden, bis ee laanscht kennt.

RTL

© Raphaël Fiegen

Schlussendlech si mär awer no 3 Deeg Autofahrt zu Hemavan ukomm, wou mäi Kolleg den Bert POFFE eis scho sehnsüchteg erwaard. Deen Dag duerno gëtt dann alles gepackt, präparéiert, den Start virbereed an déi éischt Kilometere ginn opgetrëppelt, fir dass beim Start deen nächsten Dag alles ouni grouss Problemer klappe soll.