Schwieregkeete vun der Expeditioun
A 5 Deeler erzielt eis de Raphaël Fiegen iwwer déi grouss Aventure vun him a sengen 10 Muppen, déi si am Februar an am Mäerz dëst Joer a Lappland haten.
E ganz bekannten Abenteurer sot eng Kéier an engem Interview, dass eng Expeditioun do ufänkt, wou den Tourismus ophält.
An enger Expeditioun ginn et vill verschidden Aarte vu Schwieregkeeten, Wiederkonditiounen kënne Schwieregkeete mat sech bréngen, awer och deen “neien” Terrain, deen ee selwer erfuersche wëll, wou een trotz Kaarten a GPS awer ni zu 100 Prozent soe kann, wat hannert der nächster Kéier op ee wäert duer kommen, d'selwecht wéi net z'ënnerschätzen, déi Schwieregkeeten, déi vun engem senger Moral kënne kommen, genausou wéi engem seng Angscht, déi sech oft bemierkbar mécht, wat och gutt ass, just esou bleift een och ëmmer konzentréiert.

© Raphaël Fiegen
Wat sech awer bei mir nach sollt bemierkbar maachen, ware ganz aner Schwieregkeeten. De gréisste Problem war den Alter vu villen Hënn vn mir. Am Virfeld goufen natierlech sämtlech Hënn medizinesch nogekuckt a kruten do de “Go”. Leider hu si d'Hirees an d'Akklimatisatioun net méi esou gutt verschafft krut, wéi nach e puer Joer virdrun.
De gréisste Feind während der ganzer Expeditioun war awer eisen ultra-schwéiere Schlitt vun 400 Kilogramm, deen eis d'Liewen oft nach méi schwéier gemaacht huet. D'Hënn konnte während Momenter en net méi ouni ganz groussen Effort vun eis méi packen, sou dass mär zu 2 de Schlitt misse drécken an dorunner zeien, fir en e bësse weider duerch den Déifschnei ze bréngen. Wat eisen nächste Problem rëm war, deen immensen Déifschnei, deen plazeweis souer iwwert 2 Meter déif war.

© Raphaël Fiegen
6 Kilometer nom Start ass et direkt an d'Bierger eropgaangen, eis war scho bewosst, dass den Opstig net einfach wäert ginn, besonnesch mat engem schwéiere Schlitt, mä et wousst keen, dass mär sou misste kämpfen, fir eropzekommen. Dass mär trotz déiwe Minustemperaturen naass geschweest waren, hätt kéinte ganz geféierlech ginn. Dofir hu mär ouni laang ze iwwerleeën beschloss, an enger Bierghütt, déi sech op e puer Kilometer ewech befënnt, ze iwwernuechten, dass mär eis dréchne kënnen.

© Raphaël Fiegen
2 Deeg duerno ass deen éischte groussen Problem bei den Hënn opgetrueden. D'Alfa, e ganz léiwen awer e bësse méi ängschtleche Mupp, huet während engem Schnéistuerm ugefaangen ze panikéieren, doduerch huet et säi “Will to go” (de Wëllen ze lafen) verluer an ass an e mentaalt Déif erakomm. Ech hunn doduerch misse ganz vill mat him schaffen an et rëm motivéieren, fir erëm wëlle matzelafen.
Leider sollt dat sech zum klengen Problem erausstellen. Während der Zäit, wou ech mam Alfa hu misse schaffen, haten logescherweis déi aner Muppe méi ze zeien, wat deenen alen Hënn net gutt komm ass. Kuerz nodeems, wou d'Alfa rëm matgeschafft huet, hunn déi éischt Unzeeche vu Middegkeet sech bei deene méi ale Hënn bemierkbar gemaacht.

© Raphaël Fiegen
De Yuma ass mat senger Schwëster Kila déi eelst vum Ruddel, mat hire bal 10 Joer konnte se deenen aneren net méi richteg nokommen an ech hu missen ufänken, dat ganz Gespaan ze bremsen. Leider huet dat net gehollef an de Magic, deen 2 Méint méi jonk ass, ewéi déi 2, war och u seng Grenzen erukomm. Vue que dass mir nach an de Bierger waren, hu mir misse weiderfueren, fir wéinstens mol rëm ënnert d'Baamgrenz ze kommen. Déi folgend Deeg ass et ëmmer manner gutt bei deene gelaf, sou dass souguer d'Chill an de Faruk, déi 2 Joer méi jonk ewéi déi 3 sinn, och ugefaangen hunn, Problemer ze kréien. No de Bierger krut den Trio sech net méi gutt genuch erholl, se hate vill ze vill Gelenk- an Muskelproblemer ,dass mäer dunn zesummen d'Decisioun getraff hunn, fir opzehalen, fir d'Hënn net nach méi an Gefor ze bréngen.

© Raphaël Fiegen