A 5 Deeler erzielt eis de Raphaël Fiegen iwwer déi grouss Aventure vun him a sengen 10 Muppen, déi si am Februar an am Mäerz dëst Joer a Lappland haten.

Eng Expeditioun oder Aventure bréngt natierlech och eng Rei schéin Erliefnisser a Momenter mat sech, och wann ee se oft deen Moment net esou erlieft, respektiv matkritt.

Dat flottst un deem ganzen Abenteuer ass, dass kee verletzt gouf an jidderee ganz an monter Heem komm ass, ofgesinn vun puer klengen Blessure bei den Hënn an eis Mënschen. De Romain huet seng Erfahrunge mat Erfréierungen vum éischte Grad gemaacht an den Bert, ewéi ech och, hunn deen übleche “Verschläiss” vun den Hänn respektiv der Haut bei deene Minustemperaturen.

RTL

© Raphaël Fiegen

Owes haten mär ëmmer vill Laachmomenter mam Romain, deen verschidde Situatioune vum Dag ëmmer an e Kontext zu engem Film gestalt huet, deen hie scho gesinn huet.

Wat dem Bert an meng Frëndschaft awer ëmmer erëm geprägt a bestätegt huet, war bei all schwiereg Situatioun an Entscheedung ware mär ëmmer direkt der selwechter Meenung an oft huet deen anere guer net bräichten eppes ze soen, well deen anere scho wousst, wat e wéilt soen.

RTL

© Raphaël Fiegen

Wat mech awer am meeschtens faszinéiert huet, ass déi Gaaschtfrëndlechkeet vun de Leit an der Géigend. Ech erënnere mech gären zréck, wou mäer deen zweetleschten Dag bei enger méi eeleren Koppel eng waarm Molzecht mat Iwwernuechtung ugebueden kruten, wou ech si gefrot hunn, ob et keen anere Wee géif iwwert dee leschte Pass ginn, well deen op der Kaart gezeechent ass a Wierklechkeet vill ze geféierlech ass. Owes beim Iessen huet de Mann mir dunn en aneren gewisen.

Ouni d'Hëllef vun anere Schneimobiler hätte mär oder de Romain allerdings méi Problemer gehat. Deen éischten Dag an de Bierger hat de Romain säi Schneimobile mat der Pulka (e Schlitt, deen hannert dem Schneimobile hänkt) op d'Säit geluet, wou da Leit op Schneimobiler him Gottseidank gehollef hunn. An zweemol gouf en aus dem déiwe Schnei vun engem zweeten Schneimobile erausgezunn, wou hie sech festgesat hat.

RTL

© Raphaël Fiegen

Ganz gären denken ech och un deen Dag zréck, wou mir iwwert e Floss vun ongeféier 15 Kilometer driwwer gefuer sinn, bei minus 25 Grad an bloem Himmel, wou d2Sonn eis déi ganzen Zäiten an d'Gesiicht geschéngt huet. D'Hënn haten immense Spaass um Floss ze lafen a mir goufen och nach mat der prachtvoller Vue vun de Bierger verwinnt.

Wat mech zum nächste schéine Moment oder Momenter souguer bréngt. Dat ass déi onvergiesslech, schéin a vum Mënsch onberéiert Landschaft an Natur. Wann een an d'Chance huet an esou enger Landschaft ënnerwee ze sinn, mierkt ee réischt, wéi kleng an verletzlech een als Mënsch ass an am Fall wou, keng Chance géint déi rau Wildnis huet.

Duerch déi ganz Strapazen an déi sensationell Aarbecht vun den Hënn, ass eis Verhältnis nach méi gewuess an zesummegeschweesst ginn, wéi et scho virdru war. An dat ass fir mech nach ëmmer dat schéinst Erliefnis.

RTL