Musée iwwer de Krich vun 1870 an der Géigend vu Metz
Vun der Stad aus brauch ee mam Auto genee 1 Stonn bis op Gravelotte. Hei kritt een ë.a. d'Virgeschicht vum Éischte Weltkrich erkläert.
De franséische President Hollande an déi däitsch Kanzlerin Merkel erënneren e Sonndeg un den 100. Anniversaire vun der Schluecht vu Verdun. Tëscht dem 21. Februar an dem 19. Dezember 1916 stounge sech hei franséisch an däitsch Truppe géigeniwwer an hu sech bekämpft. Et ass eng vun de bluddegste Schluechten aus dem Éischte Weltkrich: 362.000 doudeg Zaldoten op franséischer an 337.000 doudeg Zaldoten op däitscher Säit. Dat mécht en Totel vu ronn 700.000 Doudesaffer, am Duerchschnëtt falen also all Mount 70.000 Mann ... an dat ouni datt d'Resultat vun der Schluecht militäresch eng richteg Bedeitung gehat hätt ...
Esou den Helmut Kohl an de François Mitterrand sech 1984 zu Verdun d'Hand ginn - oder gehalen - hunn, fir d'Reconciliatioun ze demonstréieren, esou missten si, Hollande a Merkel, elo den europäeschen Ideal relancéieren, esou de franséische President.
AFP: Hollande: à Verdun, "ce qui est attendu de nous c'est de parler".
Fir ze weisen, wéi uerg d'Schluecht vu Verdun, déi sougenannten "Guerre des tranchés" war: D'Fauna an d'Flora do sinn eppes Besonnesches, dat, well de Buedem tëscht 1914 an 1918 esou vill matgemaach hätt wéi an 10.000 Joer natierlecher Erosioun, gëtt de Jean-Paul Amat, "professeur de géographie, spécialiste des forêts de la Grande Guerre", vun der Noriichtenagence AFP zitéiert. Hien huet mat dru geschafft, datt de Bësch do de Label "Forêt d'exception" kritt.
AFP: La forêt de Verdun, écrin vert créé par la guerre.
"Apocalypse Verdun": En Themenowend am Februar op France2.
Vu Verdun awer elo op Gravelotte, en Dierfchen eng 15 westlech vu Metz, mol keng dausend Awunner, nach am Departement Moselle un der Grenz zu der Meuse geleeën.
Vun der Stad aus brauch ee genee eng Stonn bis dohin.

Zu Gravelotte gëtt et den "Musée de la guerre de 1870 et de l'annexion". Et ass, fir esou e klengt Duerf um Land, en iwwerraschend grousse Musée a säin Numm ass Programm: Dokumentéiert gëtt de franséisch-preisesche Krich vun 1870. Frankräich hat deen ugefaangen an dono goufen Deeler vum Elsass an och vu Loutrengen vun Däitschland annektéiert.

Besonnesch virulent waren d'Kampfhandlungen am August 1870 an der Géigend zu Metz. Eleng zu Gravelotte sollen den 16. August eng 32.000 Zaldote leie bliwwe sinn.

Vun dohier kënnt och de Sproch "ça tombe comme à Gravelotte", wann et ganz vill reent oder wa vill schlëmm Saache beienee geschéien ... e bësse wéi "il pleut des hallebardes" ...
D'Kollektiounen an déi explikativ Tableauen am Musée erkläre gutt, wat viru 146 Joer e bësse südlech vun eis geschitt ass - d'"Luxemburg-Krise" 1867 hat mat dozou bäigedroen - a wéi do de Buedem fir den Éischte Weltkrich matpreparéiert gouf ...
De Musée iwwer sech selwer:
Un musée d'histoire unique en Europe
Ouvert en 2014, le musée est le seul à se consacrer entièrement à l'histoire de la guerre de 1870 et de l'annexion de l'Alsace et d'une partie de la Lorraine à l'Empire allemand (1871-1918). Il aborde sous un nouvel angle les questions soulevées par ce conflit : l'unité allemande, la vie pendant l'annexion, les tensions à l'approche de la Première Guerre mondiale...Des collections franco-allemandes exceptionnelles
L'exposition permanente de 900 m² présente des collections françaises et allemandes d'une particulière rareté. Les objets militaires côtoient des peintures remarquables, des sculptures, des éléments de monuments et des objets de la vie quotidienne.

Une architecture et une muséographie innovantes
Dans un écrin d'une modernité étonnante, le parcours muséographique est à la fois esthétique et pédagogique. Le visiteur prend conscience de l'Histoire à travers l'histoire des hommes retracée par leurs effets personnels, leurs photographies et leurs témoignages. Dans sa visite, le public est accompagné par de nombreux audiovisuels.
Sur les lieux des champs de bataille
Le musée est situé sur les lieux mêmes des combats d'août 1870, en face du monument commémoratif le plus important de la guerre de 1870 : la Halle du Souvenir. Le visiteur peut prolonger son circuit par la découverte d'autres monuments des environs et de sentiers évoquant le conflit.
Eng Visite lount sech allemol!

Wann ee vum Visiteursparking kënnt, geet een nach duerch eng "Gedenkhalle" an iwwert en Zaldotekierfecht, wou un däitsch Zaldoten erënnert gëtt.
